Minsk 2019: BadmintonRobert Mann schléisst Europaspiller ouni Victoire of

RTL Lëtzebuerg
Op den Europaspiller zu Minsk huet de Robert Mann am Badminton och säin 3. Gruppematch verluer.
VIDEO: Robert Mann schléisst Europaspiller ouni Victoire of
De Franky Hippert hat de Robert Mann no sengem 3. Gruppematch am Interview.

De Lëtzebuerger huet sech e Mëttwoch mat 1:2 an de Sätz (21:13, 12:21, 16:21) géint de Valentine Filimon Collins aus Rumänien misse geschloe ginn.

De 34 Joer ale Sportzaldot hat schonns seng éischt zwee Matcher géint de Vladimir Malkov aus Russland a géint den Azmy Qowimuramadhoni aus dem Aserbaidschan verluer.

Domadder ass d‘Kompetitioun fir de Lëtzebuerger eriwwer.

Back to Top
CIM LOGO