Stade Josy BarthelAarbechte fir d'Verleeë vum neie Wues hunn ugefaangen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg soll den F91 an der Europa League op der Arelerstrooss géint Nikosia spillen. Dofir muss de Wues bis dohinner awer an der Rei sinn.
© Claude Nilles

En Donneschdeg haten déi Responsabel vum F91vun der Uefa gesot kritt, datt op deem Wuess, deen elo am Stade Josy Barthel läit, den Europa-League-Match den nächsten Donneschdeg géint Nikosia net dierft gespillt ginn. Aus deem Grond gouf um Samschdeg mat den Aarbechten, fir een neie Wues um Terrain ze verleeën, ugefaangen.

Bis e Méindeg den Owend sollen eng Firma aus Holland an de Service des Sports mat den Aarbechte fäerdeg sinn. D’Käscht belafe sech op ronn 133.000 Euro.

Op de Match dann och definitiv en Donneschdeg ka gespillt ginn, decidéiert sech am Laf vun der nächster Woch.

© Claude Nilles

Back to Top
CIM LOGO