Trotz neiem WuesKann de Match tëscht Diddeleng an Nikosia gespillt ginn oder net?

RTL Lëtzebuerg
En neien, deiere Wues gouf verluecht. An awer ass d'UEFA skeptesch, datt den Europa League-Match sécher ka gespillt ginn.
En neie Wues gouf am Stade Josy Barthel geluecht
RTL-Informatiounen no sinn déi Responsabel vun der UEFA skeptesch, ob d’Konditioune vum Terrain en Donneschdegowend gutt genuch wäerte sinn, fir ze spillen.

Ob den Europa League-Match tëscht dem F91 Diddeleng an Nikosia en Donneschdeg den Owend am Stade Josy Barthel ka gespillt ginn oder net, steet den Ament nach net fest.

Trotz dem neie Wues huet sech opgrond vun de Wiederkonditiounen extrem vill Waasser, dat net ofleeft, um Terrain gestaut. E Mëttwoch gouf den Terrain mat Plastiksbaatschen ofgedeckt.

RTL-Informatiounen no sinn déi Responsabel vun der UEFA skeptesch, ob d’Konditioune vum Terrain en Donneschdeg den Owend gutt genuch wäerte sinn, fir ze spillen. D’Aarbechte lafen den Ament op Héichtouren, fir d’Partie méiglech ze maachen.

Dat lescht Wuert läit beim Arbitter, deen e Mëttwoch den Owend eng éischte Kéier den Terrain kucke geet, awer eréischt en Donneschdeg am Laf vum Dag wäert eng Decisioun huelen, ob gespillt ka ginn.

Béid Ekippe wäerten och net drop trainéieren. D’Zypriote wäerten hiren Ofschlosstraining am Stade Jos Nosbaum zu Diddeleng hunn. Och den F91 hält säin Training zu Diddeleng, dat am Stade Aloyse Meyer.

Den Allersmatch op Zypern haten déi Diddelenger 4:3 gewonnen. Nikosia wëll also eng Revanche.

De Match tëscht Diddeleng an Nikosia gëtt en Donneschdeg den Owend bei eis um Radio an och op der Tëlee um 2. RTL live iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO