An den USA gouf en Donneschdeg de Moie schonn d'NBA-Saison gestoppt. An der Formel 1 geet McLaren net un den Depart an Australien.

An den USA ass d'NBA-Saison fir de Moment emol suspendéiert ginn, well e Spiller positiv op de Coronavirus getest gouf. Et handelt sech dobäi ëm den Allstar-Spiller Rudy Gobert vun de Utah Jazz.

D'Resultat vum Test ass eréischt kuerz virum Match tëscht Utah Jazz bei Oklahoma City Thunder bekannt ginn. Déi Renconter gouf doropshi kuerzfristeg ofgesot. De betraffene Spiller war net an der Arena.

A Spuenien goufen déi nächst zwee Spilldeeg an der La Liga wéinst dem Coronavirus ofgesot, dat hunn déi Responsabel en Donneschdeg de Mëtteg matgedeelt. De Grond ass ënnert anerem e Corona-Fall bei der Basketekipp vu Real Madrid. Ma och d'Futtballekipp ass betraff, well d'Basketballer an d'Futtballer op deem nämmlechten Terrain trainéieren. Béid Ekippe sinn dofir elo ënner Quarantän.

An England gouf elo och an der Premier League d'Ekipp vun Arsenal London a Quarantän gesat. Den Trainer Mikel Arteta gouf nämlech positiv op de Coronavirus getest.

An Däitschland gouf en Donneschdeg och eng Futtball-Ekipp a Quarantän gesat. Bei Hannover 96 goufe mam Timo Hübers an dem Jannes Horn zwee Spiller positiv getest. Déi ganz Ekipp steet fir 14 Deeg elo a Quarantän.

Den europäesche Futtballverband huet fir nächsten Dënschdeg eng Krisesëtzung aberuff. An enger Videokonferenz sollen déi 55 Verbänn, déi an der Uefa vertruede sinn, driwwer diskutéieren, ob ënnert anerem d'EM wéinst dem Coronavirus soll am Juni organiséiert ginn oder net.

Aus der Formel 1 ass et d'Nouvelle, datt McLaren beim F1-Saisonoptakt de Weekend an Australien net un den Depart geet. Ee Member aus der Ekipp gouf positiv op de Coronavirus getest. Déi éischt Course vun der Saison gouf dann och um Donneschdeg ofgesot.