Dem norwegesche Schisprénger geet et no senger uerger Chute en Donneschdeg beim Weltcup am Schifléien zu Planica wuel e bësse besser.

"Si hunn en CT vum Kapp a vum Hals gemaach, do gouf et keng Opfällegkeeten. D'Prognose sinn esouwäit ganz positiv", sou den norwegesche Cheftrainer Alexander Stöckl an engem Interview mat der däitscher Tëleeschaîne ZDF.

Den Tande soll dem Stöckl no am Laf vum Freideg (26.3.2021) aus dem kënschtleche Koma geholl ginn. "Den Daniel ass an der Klinick gutt opgehuewen. Hien ass gutt duerch d'Nuecht komm. D'Situatioun ass stabil, a wéi geplangt gi weider Kontrolle gemaach", sou de Guri Ekaas, den Dokter vun de Schisprénger aus Norwegen.

De 27 Joer alen Tande hat en Donneschdeg beim Testlaf fir d'Eenzelcompetitioun kuerz nom Ofsprong d'Kontroll iwwert säi lénkse Schi verluer, war mat voller Wucht op den Hang gefall an doropshi mam Rettungshelikopter an d'Klinick geflu ginn.

Den Ekippen-Olympiagewënner Tande, am Dezember nach Weltmeeschter am Schifléie mat der Ekipp ginn, huet sech d'Schlësselbeen gebrach an hat no der Chute missen intubéiert ginn.