
Fir déi drëtte Kéier a senger Karriär soll den Arno Bonvini den Trainerposten zu Munneref iwwerhuelen, dëst fir de Start vun der nächster Saison. RTL-Informatiounen no ass de Retour fix. De Bonvini hält deemno als Jugend-Coordinateur an der Futtballschoul vum F91 Diddeleng nees op. Hie soll deemno d’Relève vum Serge Wolf huelen, dee jo aktuell op der Bänk vu Munneref sëtzt.