Gudden Optakt: E Méindeg sinn 8 Lëtzebuerger Schwëmmerinnen a Schwëmmer op der Europameeschterschaft zu Budapest un den Depart gaangen.

Schwammen EM / Rep. Fränky Hippert

Ënnert hinne sinn net nëmmen erfuere Sportler wéi de Raphaël Stacchiotti, mä och zwee jonk Talenter. Fir de Joao Carneiro an de Ralph Daleiden ass et den éischte Optrëtt op enger Schwamm-EM bei de Senioren.

Dës EM huet richteg gutt fir d'Lëtzebuerger Ekipp ugefaangen. An zwar hunn de Max Mannes, Pit Brandenburger, Ralph Daleiden zesumme mam Raphaël Stacchiotti een neien nationale Rekord am 4x100m Fräistil opgestallt. Si hunn no 3 Minutten, 21 Sekonnen an 62 Honnertstel ugeschloen. Domat verbesseren si den ale Rekord aus dem Joer 2014 ëm 1 Sekonn a 47 Honnertstel.

Fir de Raphaël Stacchiotti ass Budapest nëmmen eng Tëschestatioun fir d'Olympesch Spiller zu Tokio. Op der Weltmeeschterschaft 2019 zu Gwangju a Südkorea konnt hien d'A-Norm iwwer 200m Quatre Nages knapps ënnerbidden.

Och d'Julie Meynen ka sech berechtegt Hoffnungen op eng zweete Participatioun bei Olympia maachen. Zu Gwangju koum d'Schwëmmerin bis op 6 Honnertstel un d'A-Norm erun.

D'Monique Olivier huet am Mäerz zu Edinburgh nei national Rekorder am 200 a 400m Fräistil opgestallt. Op der EM an Ungarn wëll d'Studentin un hir lescht Leeschtungen uknäppen.

Een anere Schwëmmer op Rekordjuegd ass de Max Mannes. Den 23 Joer jonken Athlet huet souwuel Ufank Abrëll zu Stockholm wéi och Ufank Mee um Diddelenger Schwammfest een neie Rekord iwwer 100m Réck opgestallt.

De Pit Brandenburger huet sech am Mäerz zu Marseille an am Abrëll zu Ettelbréck mat enger verbesserter Form presentéiert. De 25 Joer jonke Lëtzebuerger huet d'Olympia-B-Norm iwwert 200m Fräistil fest am Viséier.

Opgrond vu senger Coronainfektioun trainéiert de Julien Henx eréischt zanter 5 Wochen.

Déi zwee Debutante Joao Carneiro a Ralph Daleiden wëlle virun allem Erfarung sammelen, fir beschtens op d'Junioren-EM zu Roum vum 6.-11. Juli preparéiert ze sinn.

Fir de Risiko vun Infektioune mam Coronavirus ze miniméieren, muss all Participant een negative PCR-Test 2 Deeg virun der Urees op Budapest virweise kënnen. Op der Plaz ukomm, gëtt een Antigen-Schnelltest an ee weidere PCR-Test duerchgefouert. Eréischt wann den Test negativ ausfält, däerfe sech d'Sportler a Betreier sech fräi an hirer "Team-Bubble" beweegen. Den Hotel gëtt just fir den Training a fir d'Course verlooss. Méi wéi 3.000 Persoune ginn an dëser "Bubble" ofgeschiermt.

Mat 51 vun 52 Memberfederatioune vun der LEN, dem europäesche Schwammverband, ass d'EM gutt besicht. Gläichzäiteg stellt dës Editioun domat een neie Participatiounsrekord op. Nach ni ware méi Vertrieder op europäeschem Plang present.
Alleguerten d'Startzäite vun de Lëtzebuerger Schwëmmer fannt Dir op flns.lu. Do fannt Dir och ee Livestream, fir dës EM ze suivéieren.

Hei geet et direkt bei d'Resultater.