
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären den Optakt vum 5. a bei den Dammen de 14. Spilldag.
Titelgrupp
Bei den Hären huet den HC Bierchem duerch eng 27:31-Defaite géint den HB Käerjeng e Réckschlag erlidden. No enger ausgeglachener éischter Hallschent, déi mat 13:14 aus der Siicht vun de Bierchemer op Enn gaangen ass, huet de Gaascht vu Käerjeng besser aus der Paus fonnt.
D’Ekipp aus dem Réiserbann krut de Réckstand vun tëschenduerch bis zu sechs Goler net méi opgeholl a muss sech domat um Enn geschloe ginn.
Relegatioun
An der Relegatioun hat den HB Museldall mat engem 39:22 keng Problemer sech géint den Handball Bieles ze behaapten a fir Bartreng gouf et eng 23:17-Victoire zu Réiden.

Bei den Dammen huet den HB Diddeleng déi éischt Tabelleplaz verluer. Den HB Käerjeng huet de Match duerch eng staark Leeschtung mat 29:23 gewonnen an ass domat den neie Leader.
Dem HB Museldall ass et mat enger Victoire gelongen den Uschloss un d’Tabellespëtzt net ze verléieren. An der Partie géint de CHEV Dikrech hu si sech kloer mat 25:16 duerchgesat.
Fir den HB Bieles gouf et dann nach bei enger 11:30-Defaite géint den HB Esch näischt ze huelen.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball