Fir de President vum T71 ass et déi sportlech richteg Decisioun, beim Gréngewald huet een nach keng Decisioun geholl.

Diddeleng krut jo beim 2:2 am Ufank vum Match zwee Punkte bäi, déi ni gefall sinn. Nom Match gouf dëse Feeler du geännert an de Gréngewald hat op 1 Punkt gewonnen. Diddeleng hat Protest ageluecht a krut deemno Recht.

Een Argument vum Tribunal ass, datt den T71 net kéint Responsabel gemaach gi fir ee Feeler um Resultat, deen um offiziellen Dësch geschitt ass.

Éischt Reaktioun vum T71 Diddeleng nom Urteel vum Tribunal Federal

Reaktioun Marcel Wagener
Reaktioun vum T71-President Marcel Wagener

De Marcel Wagener, President vum T71 Diddeleng, sot bei eis am Interview, datt et déi sportlech richteg Decisioun wier, d'Coupe Halleffinall tëschent dem T71 Diddeleng an dem Gréngewald frëschzespillen. Hie preziséiert awer, datt keng Ekipp verdéngt gehat hätt, de Match op esou eng Aart a Weis ze verléieren. Eng honnert Prozent richteg Decisioun kéint een an dësem Fall och net huelen. Et misst een am Sënn vum Sport tranchéieren an dat hätt den Tribunal Federal vun der Basketfederatioun, aus sengem Point de vu, gemaach.

Gréngewald: Nach keng Decisioun matgedeelt

Déi Responsabel vun Hueschtert hunn nach 5 Deeg Zäit, fir an Appell ze goen. Mä och no enger Reunioun e Méindeg den Owend soll RTL-Informatiounen no och en Dënschdeg nach keng Decisioun kommunikéiert ginn.