Samy Picard: "Méi wéi onglécklech fir de Basket"
No der Halleffinall tëscht Diddeleng an dem Gréngewald ass nach onkloer, wien d'Finall géint de Sparta Bartreng spillt.
E Sonndeg de Mëtteg hat sech den T71 Diddeleng ufanks mat 79:78 géint de BBC Gréngewald-Hueschtert duerchgesat. Nom Match gouf d'Resultat dann allerdéngs op 77:78 rectifiéiert. Diddeleng krut am éischte Véierel beim Stand vun 2:2 zwee Punkte bäi, ouni datt e Kuerf gefall war an och dono ass de Score nach eemol hänke bliwwen. Nom Match krut de Gréngewald d'Victoire zougesprach, kuerz drop hat déi Diddelenger Ekipp awer Protest ageluecht. Den Tribunal fédéral vun der FLBB tranchéiert e Mëttwoch an dëser Affär.
Kuckt Iech hei nach emol déi éischt Minutte vum Match un a maacht Iech selwer e Bild:
Wien tatsächlech den 18. Mäerz an der Finall um Terrain vum Gymnase stoe wäert bleift also ofzewaarden.