An der Partie géint den T71 Diddeleng konnten d'Häre vun Esch de Match duerch e staarke leschte Véierel fir sech entscheeden.

E Sonndeg stounge bei den Dammen a bei den Hären déi lescht zwou Halleffinallen an der Coupe um Programm.

An der Coque hu sech d'Häre vum Basket Esch mat 91:79 géint den T71 Diddeleng behaapt. Bei den Damme konnt sech ufanks den T71 Diddeleng den Ticket fir d'Finall sécheren, méi spéit gouf d'Victoire dann awer dem BBC Gréngewald zougesprach, well dem T71 Diddeleng am 1. Véierel zwee Punkten ze vill ugerechent gi solle sinn. Wien elo d'Finall géint Bartreng spillt bleift nach ze klären. Kuckt Iech hei nach emol déi éischt Minutte vum Match un.

E Samschdeg hate sech d'Damme vu Bartreng an d'Häre vun der Etzella fir d'Finall qualifizéiert.

Hären

De Resumé vum Match T71 Diddeleng géint de Basket Esch
De Basket Esch konnt sech mat 91:79 géint den T71 behaapten.

An der zweeter Halleffinall vum Dag konnt sech de Basket Esch mat 91:79 géint den T71 Diddeleng behaapten. Déi Escher haten an den éischten zwou Minutte duerch en engagéierte Clancy Mac Rugg besser an d'Partie fonnt. Zimmlech séier hat sech de Match dann awer rëm ausgeglach an duerch e staarken zweete Véierel vun den Diddelenger stoung enger spannender an oppener zweeter Hallschent vum Match näischt méi am Wee. Genau sou ass et am Gymnase vun der Coque och komm. Et ass alles op de leschte Véierel erausgelaf, wou sech d'Partie entscheede sollt. Hei hat um Enn de Basket Esch eng staark Phas a steet no dësem Succès an der Finall géint d'Etzella Ettelbréck.

Dammen

De Resumé vum Match T71 Diddeleng géint de Gréngewald
Nach bleift ongekläert wien an der Finall géint Bartreng den 18. Mäerz steet.

An der éischter Halleffinall vum Dag huet sech de BBC Hueschtert-Gréngewald mat 78:77 géint den T71 Diddeleng duerchgesat. Dëst Resultat ass de Moment awer nach net offiziell confirméiert. Béid Ekippen hate sech vun Ufank un op Aenhéicht gewisen an hunn den éischte Véierel mat engem serréierten 24:20 op en Enn bruecht. Wéi sech méi spéit erausgestallt huet haten déi Diddelenger awer nëmmen 22 Punkte geschoss, wat um Enn decisiv Suite sollt hunn. Den T71 war och am zweete Véierel weider staark, konnt hei souguer nach eng Kéier dräi Punkte méi schéissen a sech domat e klenge Virsprong opbauen. Ënnert anerem d'Zykera Elaine Rice huet sech an enger gudder Form gewisen a fläisseg fir déi Diddelenger Ekipp gepunkt. De BBC Gréngewald war awer weider och nach gutt am Match, d'Spillerinnen hunn et gepackt den Uschloss net ze verléieren an d'Partie bis an de leschte Véierel era spannend ze halen.

Do huet de BBC am Numm vum Samantha Logic an Dejza Hames ëmmer méi u Courage gewonnen, ma den T71 konnt gutt dergéinthalen an d'Féierung trotz tëschenzäitlechem Réckstand nach esou just iwwert d'Zäit bréngen. Um Enn konnt Diddeleng de Match knapps op ee Punkt wannen, duerch d'Punkten aus dem 1. Véierel déi ofgezu goufe soll de Gréngewald elo an der Finall géint de Sparta Bartreng stoen, déi den 18. Mäerz gespillt gëtt. Et bleift awer weider ofzewaarde wéi d'FLBB d'Sortie vun dësem Match decidéiert.

Invitée am Rebound - Lisy Hetting
Invitée am Rebound - Lisy Hetting