Nijmegen klappt an Holland Heerenveen mat 2:0. De Lëtzebuerger gouf an der 50. Minutt agewiesselt.

Union Saint-Gilloise spillt um Sonndeg den Owend 1:1-Gläich géint de KAA Gent. Den Anthony Moris stoung 90 Minutten am Gol vu St. Gilloise.

An der hollännescher Eredivisie huet de Yvandro Borges 2:0 mat Nijmegen géint Heerenveen gewonnen. De Lëtzebuerger ass beim Stand vun 0:0 an der 50. Minutt agewiesselt ginn. Nijmegen steet no der Victoire elo op der 6. Plaz an der Tabell.

Austria Wien huet an Éisträich 2:0 géint WSG Tirol gewonnen. De Marvin Martins ass wéinst enger Blessur weiderhin net dobäi.

An der 2. däitscher Bundesliga huet St. Pauli Hertha BSC Berlin geklappt a steet weider op der 1. Plaz an der Tabell. Den Danel Sinani ass bei der Lokalekipp net zum Asaz komm, hie souz 90 Minutten op der Bänk.

De Raphael Duarte, Co. Trainer vum SV Elversberg a der 2. däitscher Bundesliga, huet iwwerdeems eng däitlech 4:1-Victoire mam SV Elversberg bei Greuther Fürth konnte feieren.

Samschdeg

An der zweeter polnescher Liga gouf et fir de Sébastien Thill eng batter Defaite. Nodeems et sou ausgesinn hat, wéi wann de Lëtzebuerger Nationalspiller senger Ekipp mat engem Gol a leschter Minutt ee Punkt rette konnt, huet Stal Rzezszow an der 93. Minutt ee weidere Gol gefaangen. Um Enn steet domat eng 1:2-Néierlag géint Chrobry Glogow.

Mainz ass an der 1. Bundesliga zu München mat enger 1:8-Defaite géint d'Bayern ënnert d'Rieder komm. De Leandro Barreiro stoung op Grond vu senger 5. Gieler Kaart, déi hien am leschte Match géint Gladbach gesinn hat, net am Kader.

Fir den Enes Mahmutovic ass et an der héchster bulgarescher Spillklass en 2:1-Succès mat ZSKA Sofia géint den CSKA Sofia ginn. De Lëtzebuerger Defenseur stoung dobäi an der Starteelef an huet déi komplett 90 Minutte gespillt.

An der 3. däitscher Liga bleift et fir Waldhof weiderhi spannend am Kampf géint den Ofstig. D'Ekipp vu Mannheim huet e Sonndeg eng 2:1-Féierung nach verspillt an deelt sech um Enn mat Viktoria Köln d'Punkten. De Laurent Jans huet de Remis vu senger Ekipp vun der Bänk aus gesinn.

An der Schwäiz stoung de Mathias Olesen nees eng éischte Kéier zanter knapp véier Wochen um Terrain. De Lëtzebuerger, dee vum 1. FC Köln ausgeléint ass, hat a leschter Zäit mat engem Virus ze kämpfen a war doropshi gezwongen eng Paus anzeleeën. Bei der 3:2-Victoire vun Yverdon ass hien an der leschter Spillminutt agewiesselt ginn.

Freideg

No zwee Gläichspiller konnt de Seid Korac seng éischt Victoire bei mam FK Vojvodina feieren. Den 22 Joer ale Lëtzebuerger Defenseur stoung beim 2:1 géint Vozdovac an der serbescher Super Liga de ganze Match um Terrain.

Um 1. Spilldag vun de slowakesche Play Offen ëm de Championstitel stoung den Gerson Rodrigues net am Kader. Slovan Bratislava konnt sech ouni de Lëtzebuerger Stiermer awer mat 1:0 géint den MFK Ruzomberok duerchsetzen.

Och den Dirk Carlson stoung e Freideg net am Kader vum éisträicheschen Zweetligist. Um 19. Spilldag gouf et fir den SKN St. Pölten en 2:0-Succès géint de Kapfenberger SV.