Et ass den éischten Héichpunkt vun der Basketssaison. An der Arena vun der Coque ginn e Samschdeg d'Coupefinalle gespillt.

Gréngewald Hueschtert – T71 Diddeleng

De Gréngewald ass net nëmmen de Coupegewënner vum leschte Joer, ma an dëser Saison och nach ongeschloen. D'Ekipp vum François Manti huet am Championnat 2 Mol däitlech géint den T71 Diddeleng gewonnen. Deemno ass de Gréngewald an dësem Duell liichte Favorit, ma beim leschten Duell war et allerdéngs e bësse méi knapp. Do gouf et just eng Differenz vun 2 Punkten. Am Kollektiv ass de Gréngewald besser opgestallt an huet mam Amanda Vahill a Samantha Logic zwou vun deene beschte Spillerinnen aus dem Championnat an der Ekipp.

D'Lisy Hetting
vum Gréngewald Hueschtert

D'Diddelenger Damme wëssen op alle Fall, u wéi enge Schrauwe si dréinen mussen dréinen, wa si déi éischte Kéier an dëser Saison géint de Gréngewald gewanne wëllen, fir esou no 10 Joer d'Coupe nees mat op Diddeleng ze huelen. 2014 war et fir d'lescht, dass den T71 d'Coupe bei den Damme konnt an den Himmel strecken. Spillerinne freeë sech awer drop, sech an der Arena vun der Coque mam direkte Konkurrent aus dem Championnat ze moossen.

D'Catherine Mreches
vum T71 Diddeleng

Résidence Walfer – Sparta Bartreng

Spannend gëtt et net nëmme bei den Dammen, ma och bei den Hären. Bartreng steet am Championnat zwar hanner Walfer, ma d'Spartaner hunn awer hir 2 Matcher an dëser Saison géint Résidence gewonnen. Dëst Resultat kéint hinne Confiance fir Coupefinall ginn. Bartreng huet d'Coupe fir d'lescht 2010 gewonnen a steet zanter 2012 nees an enger Finall.

De Victor Stein
vun der Sparta Bartreng

Dowéinst gëllt et net nëmmen, physesch, mee och mental an Toppform ze sinn. Dat ass heiansdo de Knackpunkt bei der Résidence. Dat wëlle si e Samschdeg den Owend evitéieren a vun Ufank u present sinn, fir no 1993 nees eng Coupefinall fir sech ze entscheeden.

Den Oliver Vujakovic
vum BBC Résidence Walfer

Wie sech duerchsetzt, decidéiert sech e Samschdeg den Owend an der Arena vun der Coque. 3.300 Tickete goufe bis ewell verkaf an et kann een nach spontan decidéieren, fir d'Finalle kucken ze goen. Tickete ginn et nach der Oweskeess.

D'Finalle gi live op RTL iwwerdroen.