Um Mëttwoch war an der LBBL bei den Dammen an Hären d'Suite vun den Halleffinallen, déi an enger "Best-of-3"-Serie gespillt ginn.

Hären - 1/2-Finallen

Am Derby tëschent der Résidence Walfer an der Amicale Steesel war et just an der éischter Hallschecht en enke Match. D'Lokalekipp louch 39:38 a Féierung a konnt sech Hoffnungen op en drëtte Match maachen. Am drëtte Véierel koum allerdéngs den entscheedende Laf vu Steesel. D'Gäscht hunn dëse Véierel 26:10 fir sech entscheet an dobäi als Kollektiv iwwerzeegt. Um Enn wënnt Steesel däitlech mat 82:60 a steet domat genee wéi lescht Joer an der Finall, dobäi konnt de Nationalspiller Alex Laurent op en Neits iwwerzeegen, dat mat 21 Punkten.

1/2-Finallen am Basketball-Championnat / Shari Schenten
Ettelbréck erzwéngt géint Esch en drëtte Match
Um Mëttwoch war an der LBBL bei den Hären d'Suite vun den Halleffinallen, déi an enger "Best-of-3"-Serie gespillt ginn.

Spannend war d'Partie tëschent dem Basket Esch an der Etzella Ettelbréck, dat obwuel déi Escher fréi am Match ouni de verletzten Amerikaner Jordan Hicks misste spillen. An der Paus louchen d'Gäscht aus dem Norde 40:39 a Féierung an och am drëtte Véierel konnt keng Ekipp sech ofsetzen. Mat enger staarker Schlussphas huet d'Etzella sech eng 88:80 Victoire geséchert an domat en decisiven drëtte Match, deen e Sonndeg zu Ettelbréck gespillt gëtt. De Brandon Johnson huet mat 28 Punkten an e puer spektakulären Aktiounen iwwerzeegt, 25 Punkte sinn op de Kont vum Jimmie Taylor gaangen.

Dammen - 1/2-Finallen

Bei den Dammen erzwéngt d'Sparta Bartreng en decisiven 3. Match, dat mat enger 77:63 Victoire géint den T71 Diddeleng. D'Lokalekipp huet gutt an de Match fonnt, louch no 10 Minutte mat 19:11 a Féierung an huet an all Véierel méi Punkte markéiert wéi de Géigner. Mat 32 Punkten, 9 Rebounds an 8 Assists huet d'Martha Burse eng staark Performance ofgeliwwert, d'Jovana Jaksic huet 25 Punkten zur Victoire bäigesteiert. Den decisive Match ass e Samschdeg zu Diddeleng. Um Donneschdeg spillt d'Amicale Steesel géint de Gréngewald Hueschtert. De Champion Gréngewald huet d'Méiglechkeet mat enger Victoire an d'Finall anzezéien.