
Um Dënschdeg war den Optakt vun de Retourmatcher an de Véierelsfinalle vun der Champions League.
No der 1:2-Defaite bei Atletico Madrid virun enger Woch huet Dortmund am Réckmatch vill besser an de Match fonnt a louch séier 2:0 vir. Atletico huet awer no der Paus reagéiert a konnt op 2:2 setzen. De BVB huet d’Käpp net hänke gelooss a konnt de Match um Enn mat 4:2 gewannen a sech fir d’Halleffinalle qualifizéieren.
Barcelona konnt den 3:2-Avantage aus dem 1. Match net notzen an huet sech an Ënnerzuel doheem mat 1:4 géint de PSG misse geschloe ginn. D’Fransousen hu sech no der Defaite doheem dach nach fir den nächsten Tour qualifizéiert.
1:0 Brandt (34'), 2:0 Maatsen (39'), 2:1 Hummels (49', Selbstgol), 2:2 Correa (64'), 3:2 Füllkrug (71'), 4:2 Sabitzer (74')
Béid Ekippen hu mat vill Tempo lassgeluecht a no 5 Minutte Spillzäit hat souwuel Dortmund wéi och Atletico schonn eng honnertprozenteg Chance leie gelooss. An der 3. Minutt gouf dem Sabitzer säi Schoss aus kuerzer Distanz geblockt. Op der anerer Säit huet de Morata no engem Solo iwwer d’Hallschent vum Terrain laanscht de Gol geschoss.
An der Suite ass de Match ofgeflaacht, Dortmund hat awer virum Gol déi eng oder aner geféierlech Geleeënheet. No 16 Minutten war dem Füllkrug säi Kappball no engem Corner net cadréiert. Kuerz drop konnt den Oblak e Schoss vum Brandt paréieren.
Atletico huet offensiv bal näischt gewisen an Dortmund ass um Drécker bliwwen. D’Heemekipp huet sech dann an der 34. Minutt belount. No enger flotter Pass vum Hummels huet sech de Brandt am Strofraum géint de Witsel duerchgesat an de Ball aus spatzem Wénkel am Filet ënnerbruecht. Den Oblak huet dobäi net gutt ausgesinn.
5 Minutte méi spéit huet de BVB d’Veronsécherung vun de Spuenier genotzt an eng zweete Kéier markéiert. De Maatsen huet sech am Strofraum duerchgesat an aus enger änlecher Positioun an de Gol getraff wéi de Brandt beim 1:0. Mam 2:0 sollt et dunn och an d’Paus goen.
Den Diego Simeone war net zefridden an huet mat engem Dräifachwiessel reagéiert. Atletico ass och hellwaakreg aus de Kabinne komm an huet an der 49. Minutt den Uschlossgol markéiert. No engem Corner huet den Hummels de Ball an den eegene Gol deviéiert. Dortmund huet elo gewackelt an hat Gléck, datt de Correa an der 57. Minutt eleng virum Kobel de Gol net getraff huet. 8 Minutte méi spéit war et awer sou wäit an de Correa huet den zweete Gol markéiert an ausgeglach.
No deenen zwee Réckschléi huet Dortmund sech nees um Rimm gerappt an am Spill no vir nees stattfonnt. Nodeems puer Chancen net genotzt goufen huet d’Ekipp vum Edin Terzic a kuerzer Zäit direkt zweemol getraff. An der 71. Minutt sollt de Füllkrug d’Heemekipp nees a Féierung bréngen. 3 Minutte méi spéit konnt de Sabitzer de 4:2 markéieren an Atletico ënner Drock setzen.
Atletico war geschockt a konnt offensiv net méi geféierlech ginn. Dortmund huet et an der Schlussphas verpasst, mam fënnefte Gol de Match ze entscheeden. Et sollt näischt méi passéieren an Dortmund huet et mat der 4:2-Victoire an de nächsten Tour gepackt.
1:0 Raphinha (12'), 1:1 Dembélé (40'), 1:2 Vitinha (54'), 1:3 Mbappé (61', Eelefmeter), 1:4 Mbappé (89')
No der Victoire am Allersmatch zu Paräis huet Barcelona an der Ufanksphas de Fransousen de Ball iwwerlooss. D’Spuenier stoungen dogéint kompakt an hu probéiert séier ëmzeschalten. Mat sou enger éischter geféierlecher Kontersituation ass d’Heemekipp a Féierung gaangen. De Yamal huet sech iwwert seng Säit duerchgesat a mat senger Flank de Raphinha fonnt, deen de Ball iwwert d’Linn gedréckt huet. D’Gäscht ware veronséchert an hate Chance, datt de Lewondowski seng Méiglechkeet an der 20. Minutt net konnt notzen.
Paräis war dono awer nees besser am Match an huet sech duerch den Mbappé zwou Chancen erausgespillt. An der 29. Minutt huet den Araujo seng Ekipp awer geschwächt. No enger Noutbrems krut den Ofwierspiller vu Barcelona déi rout Kaart gewisen. De Fräistouss huet fir PSG awer näischt abruecht.
Mat der éischter grousser Chance an Iwwerzuel hunn d’Gäscht ausgeglach. Den Dembélé hat no enger Flank vum Barcola getraff. De selwechte Spiller konnt an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent eng weider grouss Geleeënheet net notzen, soudass d’Säite mam 1:1 gewiesselt gi sinn.
D’Fransouse sinn och nom Säitewiessel dominant bliwwen an haten direkt duerch de Fabian d’Féierung um Fouss. Wat dem Mëttelfeldspiller net gelongen ass, huet de Vitinha an der 54. besser gemaach. Mat engem Schoss aus 20 Meter huet de Portugis seng Ekipp mat 2:1 a Féierung bruecht. 7 Minutte méi spéit gouf et de nächste Réckschlag fir Barcelona. No engem onnéidege Feeler vum Cancelo op den Dembélé, huet den Mbappé den Eelefmeter eragesat an op 3:1 erhéicht.
Barcelona huet no vir alles probéiert, hat am Ofschloss awer kee Gléck. De Lewandowski ass mat sengen Ofschlëss ëmmer nees hänke bliwwen. Paräis stoung defensiv net stabil, huet awer dovu profitéiert, datt Barcelona de Ball net am Gol ënnerbruecht huet. An der 89. Minutt huet den Mbappé de 4:1 markéiert an den Deckel op d’Partie gemaach. No der Defaite virun eegenem Public huet Paräis et am Retourmatch gepackt, fir sech fir d’Halleffinallen ze qualifizéieren.
All d’Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.