BundesligaWolfsburg mat Big Point am Ofstigskampf

RTL Lëtzebuerg
Fir Köln gëtt et no der Néierlag géint Darmstadt immens schwéier, d'Klass ze halen. E Golfestival gouf et zu Hoffenheim an zu Berlin.
© AFP

Leipzig behaapt sech 2:1 zu Heidenheim a setzt Dortmund am Kampf ëm Plaz 3 ënner Drock. Leipzig hat sech am Ufank schwéier gedoen. Och, well Heidenheim sech op d’Verteidege konzentréiert an op Kontere gewaart huet. D’Gäscht hate wuel méi Ballbesëtz, wossten awer näischt domat unzefänken oder si vun der Heidenheimer Defense gutt gestoppt ginn. Et huet bis zur 42. Minutt gedauert, wéi de Sesko e Feeler vum Gimber ausnotzen an zum 1:0 erasetze konnt. An der 69. Minutt konnt den agewiesselten Dovedan no engem Corner fir Heidenheim ausgläichen. Leipzig huet sech awer net opginn a konnt an der 85. Minutt den decisive Gol schéissen.

Fir Köln ginn d’Luuchten an der Bundesliga no der 0:2-Néierlag géint Darmstadt sou lues aus. Déi éischt Hallschent sollt ouni Goler bleiwen. Bis op e Schoss un de Potto vum Kölner Alidou gouf et keng wierklech geféierlech Golaktioun. Béid Ekippe ware wuel beméit, mee d’Zuschauer krute spilleresch net vill ze gesinn. Darmstadt war mat méi Engagement aus de Kabinne komm a konnt an der 57. Minutt de Ball am Filet ënnerbréngen. Köln huet sech vun dësem Schlag net méi erholl an huet an der 90. Minutt nach den zweete Gol kasséiert.

Wolfsburg sammelt mam 1:0 géint Bochum wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig. Am Ufank vum Match kruten d’Zuschauer net vill ze gesinn, eréischt no 30 Minutten ass Bochum besser an de Match komm. D’Gäscht haten de Ball och am Gol ënnerbruecht, mee de Gol gouf wéinst Abseits oferkannt. Kuerz drop huet Wolfsburg mat senger zweeter Chance den 1:0 markéiert. Am zweeten Duerchgang war Wolfsburg méi dominant, mee och Bochum hat e puer Chancen. De Match blouf ëmkämpft, mee et sollt kee weidere Gol méi falen.

Hoffenheim a Gladbach hunn net u Goler gespuert; 4:3 stoung et um Enn zu Gonschte vun Hoffenheim. D’Lokalekipp war am Ufank spillbestëmmend an hat eng Rei Golchancen. De Ball sollt awer eréischt an der 36. Minutt de Wee an de Gladbacher Filet fannen. No der Féierung duerch de Weghorst krut Hoffenheim direkt am Géigenzuch déi kal Dusch vu Gladbach, déi duerch den Hack ausgläiche konnten. Nom Säitewiessel sollt et ganz wëll hiergoen. Nom 3:1 fir Hoffenheim konnt Gladbach nach ausgläichen. Den Ausgläich fir Gladbach war an der 90. Minutt gefall, mee am direkte Géigenzuch huet Hoffenheim de Match zu senge Gonschten decidéiert.

An der Owespartie huet sech Bayern München souverän 5:1 bei Union Berlin duerchgesat. D’Bayern hate sech e bëssen ongewinnt méi op d’Defense fokusséiert, déi awer sécher stoung. Berlin koum just eng Kéier geféierlech virun de Münchener Gol. Vir huet den FCB seng wéineg Chancë äiskal genotzt a louch zur Paus 2:0 vir. Am zweeten Duerchgang huet de Rekordmeeschter bannent kuerzer Zäit nach dräi Goler dropgesat an domat war de Match schonn 20 Minutte viru Schluss decidéiert. An der Nospillzäit ass Union Berlin nach den Éieregol gelongen.

E Freideg hat sech Frankfurt 3:1 géint Augsburg duerchgesat.

De Resumé vun de Matcher aus den aneren europäesche Lige fannt Dir hei.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO