Dortmund iwwerrennt Augsburg, Stuttgart klappt d'Bayern

© AFP
Am Tabellekeller gewënnt Wolfsburg 3:0 géint Darmstadt a Gladbach deelt 2:2 mat Bremen. Fir Köln ginn d'Chancen ëmmer méi kleng, an der Liga ze bleiwen.
An enger golräicher Partie gewënnt Dortmund 5:1 géint Augsburg. De BVB war mat enger B-Ekipp ugetrueden, fir sech op de Réckmatch an der Champions League ze preparéieren. An déi Ekipp huet an der éischter Hallschent geliwwert. No Goler vum Malen an der zwee vum Moukoko louch Dortmund no 30 Minutte schonn 3:0 vir, éier de Vargas den Éieregol fir Augsburg markéiert huet. Nach virum Säitewiessel konnt de Reus, fir deen et déi lescht Matcher am Dress vu de Schwaarz-Giele wäerte sinn, op 4:1 erhéijen. No der Paus wollt Augsburg et besser maachen a war drop an drun, fir den zweete Gol ze schéissen, mee ouni Succès. Mam fënnefte Gol vum BVB duerch de Nmecha an der 64. Minutt war de Match gelaf.
Am Kampf ëm d'Vizemeeschterschaft gëtt et nach eng Kéier spannend, well Stuttgart 3:1 géint Bayern München gewënnt. Stuttgart hat am éischten Duerchgang an allen Hisiichte Virdeeler, konnt no 45 Minutten awer just ee Gol fir sech verbuchen. D'Bayern konnten duerch de Kane op en Eelefmeter hin an der 37. Minutt ausgläichen, dobäi war den Eelefmeter immens glécklech. De VfB hat och am zweeten Duerchgang déi besser Aktiounen, huet sech awer eréischt spéit belount. Nom 2:1 an der 83. Minutt war d'Iwwerraschung gräifbar, mam drëtte Stuttgarter Gol war et definitiv kloer. D'Bayern koume bis op vereenzelt Chancen net virun de Stuttgarter Gol a verléiere verdéngt.
Am Tabellekeller huet sech Wolfsburg quasi aus dem Ofstigskampf verabschit. De VfL wënnt 3:0 géint Darmstadt. Fir Darmstadt steet schonn zënter enger Woch fest, dass et no engem Joer Bundesliga nees an déi zweet Liga geet. Och wann d'Gäscht déi éischt Chance vum Match haten, waren duerno d'Wëllef déi spillbestëmmend Ekipp an hunn Darmstadt mat zwee séiere Goler (8. an 11. Minutt) op Distanz gehalen. Duerno ass de Match verflaacht an Darmstadt koum eréischt kuerz virun der Paus nees zu enger Golméiglechkeet. Wolfsburg huet och am zweeten Duerchgang net méi wéi néideg fir de Match gemaach. Den drëtte Gol ass eréischt an der 93. Minutt gefall.
Bremen muss am Kampf ëm déi international Plazen e Réckschlag verkraaften, mee och Gladbach ass nom 2:2 nach net aus allen Ofstigsnéit eraus. Gladbach war am Ufank déi besser Ekipp a konnt mat der éischter geféierlecher Aktioun den 1:0 markéieren. Bis op eng weider gutt Chance koumen d'Fohlen duerno net méi virun de Bremer Gol. Am weidere Spillverlaf ass Bremen méi staark ginn an huet nach virum Säitewiessel den Ausgläich markéiert. Bremen hat sech nom 2:1 an der 65. Minutt schonn op der Gewënnerstrooss gesinn, mee den Neuhaus huet an der Nospillzäit nach op en Eelefmeter hin egaliséiert. Et war den 1.000. Heemmatch fir Bremen an der Bundesliga.
Den 0:0 tëscht Köln a Freiburg hëlleft kenger Ekipp wierklech weider. Köln huet bei nach zwee ausstoende Matcher 6 Punkte Réckstand op Plaz 15 a Freiburg verléiert den Uschloss u Frankfurt am Kampf ëm déi international Plazen. Et war de ganze Match iwwer zéie Kascht, deen d'Spectateure gebuede kruten. Köln huet wuel Asaz gewisen, mee vill Zielbares ass dobäi net erausgesprongen. Freiburg huet sech heiansdo virum Kölner Gol gewisen, mee ouni wierklech geféierlech ze ginn. Wa Mainz e Sonndeg gewënnt a Bochum ee Punkt hëlt, dann ass de siwenten Ofstig vum Effzeh besigelt.
D'Resultater aus den aneren europäesche Lige fannt Dir hei.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.