Leverkusen souverän zu Frankfurt, Liverpool klappt Tottenham

© AFP
D'Werkself bleift mat enger 5:1-Victoire an der aktueller Saison weider ongeschloen. Mainz spillt iwwerdeems just 1:1 zu Heidenheim.
Am internationale Futtballchampionnat goufen et e Sonndeg vill Goler ze gesinn. Am Duell géint den Ofstig setzt sech Bochum an engem opreegende Match mat 4:3 géint Union Berlin duerch a Leverkusen wënnt zu Frankfurt däitlech mat 5:1. Mainz spillt 1:1 zu Heidenheim.
An England gëtt et iwwerdeems eng kloer 5:0-Victoire fir Chelsea géint West Ham a Liverpool behaapt sech mat 4:2 géint Tottenham.
Bundesliga
Union Berlin - Bochum 3:4
0:1 Wittek (16'), 0:2 Wittek (31'), 0:3 Schlotterbeck (37'), 1:3 Vertessen (59'), 2:3 Bedia (63'), 2:4 Hofmann (70'), 3:4 Hollerbach (74')
Bochum séchert sech immens wichteg Punkte géint en direkte Konkurrent an der Lutte géint den Ofstig. Zu Berlin gouf et bei Union eng 4:3-Victoire an engem geckege Match. Trotz enger Féierung vun dräi Goler zur Paus war et der Lokalekipp gelongen de Match nach zwee Mol op en Neits spannend ze maachen, ass zwee Mol op ee Gol erukomm, muss sech um Enn dann awer geschloe ginn. Union Berlin muss domat weider géint den Ofstig kämpfen, nämmlecht wéi Mainz, déi am Owesmatch 1:1 géint Heidenheim gespillt hunn.
Frankfurt - Leverkusen 1:5
0:1 Xhaka (12'), 1:1 Ekitiké (32'), 1:2 Schick (44'), 1:3 Palacios (58'), 1:4 Frimpong (77'), 1:5 Boniface (89')
Leverkusen bleift och no 48 Matcher weider ouni Defaite. Zu Frankfurt war een nees déi spillbestëmmend Ekipp a konnt och duerch den Xhaka no gutt 10 Minutten a Féierung goen. Eng Kéier kuerz net opgepasst a scho konnten déi Frankfurter an der 32. Minutt ausgläichen. Fir d'Gäscht war dat awer kee Problem, si krute sech wéi gewinnt erholl a wannen no enger staarker zweeter Hallschent verdéngt mat 5:1.
Heidenheim - Mainz 1:1
0:1 Burkardt (37'), 1:1 Kleindienst (65')
Heidenheim spillt 1:1 géint Mainz. Mainz ass an der 37. Minutt duerch de Burkardt a Féierung gaangen, éier de Kleindienst de Score an der 65. Minutt ausgläiche konnt. D'Ekipp vum Leandro Barreiro verpasst et domat Union Berlin an der Tabell ze iwwerhuelen a steet domat 2 Spilldeeg viru Schluss weider op der Relegatiounsplaz 16, dat allerdéngs just nach 1 Punkt hannert Union Berlin.
Fir den FC Köln bedeit dat, dass ee rechneresch nach net ofgestigen ass, leit ee weider 5 Punkten hannert Mainz op der 17. Plaz an der Tabell. Bei just nach 2 Matcher déi musse gespillt ginn, gëtt et awer ganz schwéier fir den FC, d'Klass awer nach ze halen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Chelsea - West Ham 5:0
1:0 Palmer (15'), 2:0 Gallagher (30'), 3:0 Madueke (36'), 4:0 Jackson (48'), 5:0 Jackson (80')
Chelsea huet mat West Ham um 36. Spilldag kuerze Prozess gemaach. D'Defense vun de Gäscht war an allen Hisiichten iwwerfuerdert vun der bloer Offensivkraaft, déi net ze stoppe war. Mat der Victoire zéien d'Blues virleefeg laanscht Manchester United op déi 7. Plaz.
Liverpool - Tottenham 4:2
1:0 Salah (16'), 2:0 Robertson (45'), 3:0 Gakpo (50'), 4:0 Elliott (59'), 4:1 Richarlison (72'), 4:2 Son (77')
Och wann et fir e méigleche Championstitel warscheinlech net méi wäert duergoen, huet Liverpool mat enger 4:2-Victoire géint Tottenham Moral bewisen. No 59 Minutten stoung et un der Anfield Road 4:0 fir d'Reds, déi de Match bis dohi komplett am Grëff haten. D'Spurs konnten zwar nach zwee Mol verkierzen, dat sollt awer net duergoe fir nach e spektakuläre Punkt mat Heem ze huelen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Empoli - Frosinone 0:0
AC Mailand - Genua 3:3
0:1 Retegui (5'), 1:1 Florenzi (45'), 1:2 Ekuban (48'), 2:2 Gabbia (72'), 3:2 Giroud (75'), 3:3 Thiaw (87')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
La Liga
Osasuna - Betis 0:2
0:1 Ayoze (41'), 0:2 Pablo Fornals (45+3')
Celta Vigo - Villareal 3:2
0:1 Moreno (12'), 1:1 Iago Aspas (22'), 2:1 Larsen (39'), 2:2 Guedes (65'), 3:2 Douvikas (82')