Ausser dem Isabelle Klein konnt keng Konkurrentin den Tempo vun der Favorittin halen. 2 Tier viru Schluss hat d’Sarah Koenig dann attackéiert. Mat enger confortabeler Avance konnt déi jonk Sportlerin Damme Coursse fir sech entscheeden.
De Lennox Papi, den Dominator vun dëser Saison, war krankheetsbedéngt net um Depart. Bei den Häre sollt et deemno eng ganz Oppe Coursse ginn. Vum Depart un hat de Raphael Kockemann vum CCI Déifferdeng den Tempo forcéiert. De Mecanicien vun der Ekipp Tudor Pro Cycling fënnt de Wanter ëmmer rëm Zäit fir den een oder anere Cross ze fueren.
Un der Spëtzt waren et laang Zäit 4 Coureuren, nieft dem Coureur vun Déifferdeng waren et den Dawson Fehlen Pereira vum CT Kayldall sou wéi déi 2 Fransousen Enzo Chopineaux a Lucas Thilly.
Mëtt Coursse hat de Raphael Kockelmann sech du vu senge Konkurrente konnten ofsetzen. Geziilt mat senger ganzer Erfarung konnt hien sech zu Zéisseng duerchsetzen.
Plazen zwee an dräi goungen un d’Fransousen Enzo Chopineaux a Luxas Thilly. Déi nächste Woch geet et dann zu Schëffleng weider.