
Um Samschdeg gouf et bei den Hären am Duell vun den Ekippen aus der Mixvoip League eng kloer Victoire fir Bartreng um Belair. An den dräi Sätz konnt de Belair net mathalen. Mat der 3:0-Victoire (25:16, 25:15, 25:16) steet Bartreng souverän am nächsten Tour.
Wolz aus der zweeter Divisioun hat beim 0:3 (14:25, 8:25, 15:25) géint Fenteng aus der ieweschter Divisioun keng Chance. Nieft Fenteng steet och nach Stroossen an de Véierelsfinallen. De Champion huet Walfer kloer mat 3:0 (25:14, 25:22, 25:17) geklappt.
Esch an Iechternach sti mat engem Fräilous an der nächster Ronn.
Bei den Damme stoungen um Samschdeg 5 Partien um Programm an do gouf et zwou Iwwerraschungen.
D'Escher Dammen (D3) hunn et duerch en iwwerraschend kloren 3:0-Succès (25:19, 25:14, 25:20) géint Péiteng (D2) an déi nächst Ronn gepackt. Luerenzweiler (D1) huet sech géint Fenteng aus der ieweschter Divisioun mat 3:1 (19:25, 25:16, 25:12, 25:23) behaapt, obwuel den éischte Saz nach verluer goung.
Eng Ronn weider sinn och nach Iechternach (3:0-Succès zu Stroossen), Walfer (3:0 zu Amber-Lënster) an Dikrech (3:0-Succès zu Wolz).