Nodeems sech Borussia Dortmund am Allersmatch mat 1:0 géint de PSG duerchsetze konnt, gouf et am Retourmatch nees eng 1:0-Victoire fir de BVB.

En Dënschdeg den Owend gouf am Kader vun der Champions-League-Halleffinall de Retourmatch tëscht dem PSG an der Dortmunder Borussia gespillt. Hei gouf et, nodeems de BVB den Allersmatch mat 1:0 gewanne konnt, nees eng 1:0-Victoire fir d'Männer aus dem Ruhrgebitt. Domadder kann de BVB sech géint de PSG duerchsetzen an de Billjee fir d'Finall vun der Kinneksklass am europäesche Futtball zéien.

PSG - Borussia Dortmund 0:1

0:1 Hummels (50')

De PSG ass gutt an de Match gestart a konnt direkt eng sëllege Golchancë verbuchen. E Gol sollt dobäi awer net fir d'Paräisser eraussprangen. Bei den Dortmunder huet et iwwerdeems bis an déi 19. Minutt gedauert, ier datt de BVB fir d'éischt geféierlech virum géigneresche Gol opdauche konnt, mä dem Ryerson säi Schoss sollt e puer Zentimeter nieft dem Gol aschloen. Doropshin ass de Match viru sech dohiplätschert a keng vu béide Formatioune konnt esou richteg iwwerzeegen. An der 31. Minutt ass et dunn op eemol op Säite vum PSG séier gaangen, mä genee ewéi beim Ryerson an der 19. Minutt huet et dem Dembélé an dëser Situatioun un Zilwaasser gefeelt. Dräi Minutten drop hat den Adeyemi no engem séiere Virstouss den 1:0 fir de BVB um Fouss léien, mä den Donnarumma am Gol vum PSG hat eppes dogéint a konnt géint den Däitsche paréieren. Am weidere Verlaf vun der éischter Hallschent ass net méi vill geschitt, soudatt et mat engem 0:0 op den Téi gaangen ass.

Kuerz nodeems den Arbitter déi zweet Hallschent ugepaff hat, hat de PSG eng riseg Chance fir de Score op 1:0 ze stellen. Mä den Zaïre-Emery konnt de Ball net am eidele Gol ënnerbréngen a just de Potto treffen. An der 50. Minutt soll et dunn awer op der anerer Säit rabbelen. Dëst no engem Corner vum Brandt, bei deem den Hummels goldrichteg stoung an de Ball mam Kapp am Gol ënnerbrénge konnt.

Den 1:0 fir de BVB
Den Hummels markéiert de wichtege Gol fir d'Borussia mam Kapp

An der 60. Minutt hat de PSG nees d'Occasioun, fir e Gol ze markéieren, mä de Ramos konnt mat engem Schoss aus gudder Positioun de Gol net treffen. Eng Minutt drop wier de Kobel am Dortmunder Gol du bal geschloe gewiescht, mä alt nees sollt de Ball säi Wee net an de Gol fannen. Dëst well den Nuno Mendes mat sengem Schoss just de Potto getraff huet. De PSG huet doropshin op den Dortmunder Gol gedréckt, mä de BVB stoung an der Defense stabil an huet hannen, mat Ausnam vun e puer Distanzschëss, näischt méi ubrenne gelooss, soudatt d'Paräisser sech d'Zänn un Hummels, Schlotterbeck a Co. ausgebass hunn. Um Enn huet de PSG nach eng Kéier alles probéiert, mä dëst sollt näischt méi nëtzen, soudatt de BVB zu Paräis gewënnt an domadder an d'Finall vun der Kinneksklass anzitt.

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.