
RTL-Informatiounen no wier déi Decisioun d’un commun accord, tëscht dem Spiller an dem Club gefall. Wéi de Laurent Jans géigeniwwer RTL sot, wier et awer esou, dass hien eng Optioun hätt, säi Kontrakt ze verlängere wann hie wéilt.
De Kapitän vun der Futtballnationalekipp spillt zanter August 2022 bei Waldhof Mannheim.