E Freideg huet d'FLF d'Lëscht vun deene Veräiner bekannt ginn, déi an der zweeter Instanz eng UEFA-Lizenz kréien, respektiv keng kréien.

Ënnert deene Clibb, déi keng kréien, ass de SWIFT Hesper. De Veräin wier op de Stéchdatum vum 31. Mäerz am Réckstand gewiescht, wat d'Paie vum Personal ugeet, respektiv am Réckstand mat Paiementer bei de sozialen a steierlechen Administratiounen.

Konkret bedeit dat fir Hesper, datt de Club d'nächst Saison net un europäesche Kompetitiounen däerf deelhuelen.

De Champion vum leschte Joer huet awer nach d'Méiglechkeet, bei d'Commission Luxembourgeoise d'Arbitrage pour le Sport ze goen an duerno och nach bei den Tribunal Arbitral du Sport op Lausanne.

Wann Hesper net kann europäesch spillen, géif dem aktuelle Stand vun der Tabell no Stroossen noréckelen. Dat, well d'Jeunesse och keng UEFA-Lizenz krut.

Awer och Rouspert kéint, jee nodeems wéi Tabell um Enn vun der Saison ausgesäit, nach an der Qualifikatioun vun der Conference League untrieden.