Spuenien steet no 2:1-Victoire géint Frankräich an der EM-Finall
Um Dënschdegowend stoung déi éischt Halleffinall vun der Europameeschterschaft 2024 tëscht Spuenien a Frankräich um Programm.
Um Enn huet sech Spuenien mat 2:1 géint Frankräich behaapt. No enger spektakulärer éischter Hallschent mat 3 Goler, huet de de Filet am zweeten Duerchgang net méi gewackelt. Spuenien steet no 45 gudden offensive Minutten a 45 gudden defensive Minutte verdéngt an der Finall vun der Europameeschterschaft.
De Kolo Muani hat seng Faarwen nach fréi a Féierung bruecht. D'Spuenier ware vum Géigegol an enger éischter Phas beandrockt, hu banne véier Minutten de Match awer gedréint. De Yamal hat mat engem wonnerschéinen Distanzschoss ausgeglach, kuerz drop konnt de Koundé e secke Schoss vum Olmo just nach an den eegene Gol deviéieren. No der Paus hat Frankräich eng Rei Chancen, e Gol sollt awer net méi falen, esou datt d'Ekipp vum Didier Deschamps d'Heemrees untriede muss.
Spuenien - Frankräich 2:1
0:1 Kolo Muani (9'), 1:1 Yamal (21'), 2:1 Olmo (25')
Mam Jesus Navas, Nacho an Dani Olmo stounge bei de Spuenier dräi nei Spiller um Terrain. Bei Frankräich koum de Rabiot nees zum Asaz, nodeems hien am Match virdru wéinst enger gieler Kaart net spille konnt. Donieft huet den Dembélé de Griezmann ersat.
D'Spuenier hunn direkt mat offensivem Futtball ugefaangen, wärend d'Fransousen éischter méi defensiv agestallt waren. No 5 Minutten huet de Ruiz aus kuerzer Distanz driwwer gekäppt. Op der anerer Säit ass d'Ekipp vum Didier Deschamps awer direkt mat 1:0 a Féierung gaangen. Den Mbappé hat iwwer lénks ze vill Plaz an huet an d'Mëtt geflankt, wou de Kolo Muani de Ball mam Kapp am Filet ënnerbruecht huet.
D'Spuenier hunn 10 Minutte gebraucht, fir nees virun de franséische Gol ze kommen, hunn awer direkt ausgeglach. De Yamal huet aus ronn 20 Meter mat Hëllef vum Potto an de Gol getraff. Hien ass elo de jéngste Spiller, dee bei enger EM getraff huet. D'Freed iwwer den Ausgläich war nach net ganz eriwwer, du louch de Ball eng zweete Kéier am Filet vun de Fransousen. Den Dani Olmo hat am Strofraum ofgezunn, de Koundé koum nach un de Ball, huet deen awer an den eegene Gol geschoss. D'Uefa huet de Gol nodréiglech awer dem Olmo zougesprach.
An der Suite ass et méi roueg ginn um Terrain. An der 36. Minutt ass en ofgefälschte Schoss vum Ruiz knapp laanscht de Gol vum Maignan gaangen. E weidere Gol sollt awer net méi falen.
No der Paus war Frankräich liicht méi aktiv. An der 53. Minutt war e Kappball vum Tchouaméni net placéiert genuch. Kuerz drop huet den Mbappé et mat engem Schoss probéiert. An der 60. Minutt konnt de Simon eng geféierlech Flank vum Dembélé paréieren. 3 Minutte méi spéit ass dem Upamecano säi Kappball no engem Corner iwwer de Gol gaangen. Spuenien war elo passiv an huet de Géigner gewäerde gelooss.
Den Tempo war vill manner héich wéi an der éischter Hallschent an och d'Fransouse koume just nach sporadesch virun de spuenesche Gol. Den Deschamps huet mat offensive Wiessele reagéiert fir an de leschte Minutten nach den Ausgläich ze fannen. D'Spuenier huet op Kontere gelauert fir de Sack zouzemaachen. De Yamal an den Mbappé hunn et an der Schlussphas probéiert, mee et sollt beim 2:1 fir Spuenien bleiwen.