
Et sinn nees Mannerjäreger am Prisong zu Schraasseg ënnerbruecht ginn. Wéi de Parquet an engem Communiqué matdeelt, wieren 3 Meedercher, déi verdächtegt ginn an engem Bus zu Gaasperech enger Persoun eppes geklaut ze hunn, op Schraasseg bruecht ginn.
En Zeien hätt gesinn, wéi eng Persoun eppes geklaut krut. Doropshin hätt en dem Buschauffer Bescheed gesot, deen d'Dieren zougemaach hätt. D¨rai Mannerjäreger wieren als Verdächteger identifizéiert ginn. D'Meedercher wieren 13, 14 a 15 Joer al a wieren der Police an dem Parquet scho bekannt gewiescht. Et wier net kloer wou si géinge wunnen an ob si zu Lëtzebuerg hire Wunnsëtz hätten.
Well an der Unisec keng Plaze fräi gewiescht wieren, wieren déi dräi Mannerjäreg provisoresch am Centre pénitentiaire ënnerbruecht ginn. Den Dossier wier elo beim Jugendriichter. Et gëllt d'Présomption d’innocence.
Et ass eng Praxis, déi zanter Jore vu Kannerrechtsorganisatioune schaarf kritiséiert gëtt, dass zu Lëtzebuerg ëmmer nees Mannerjäreger am Erwuesseneprisong agespaart ginn.