Däitlech Victoire fir de Racing géint Hueschtert

© Eugène Thommes
De Racing steet no der 4:1-Victoire provisoresch op der 1. Plaz an der Tabell.
E Samschdeg den Owend war et am nationale Futtball den Optakt vum 3. Spilldag an der BGL Ligue. De Racing krut Besuch vun der US Hueschtert.
Et huet 20 Minutte gedauert bis de Match um Verluerekascht esou richteg a Faart komm ass. De Racing huet du bannen 3 Minutten direkt zwee Mol zougeschloen. War et an der 23. Minutt de Mabella, deen de Ball aus der Distanz an de Wénkel geschoss huet, sou war et an der 26. Minutt de Pina Gomes per Kapp, deen de Score op 2:0 schrauwe konnt. Kuerz virun der Paus huet de Mazié den 3:0 markéiert an et konnt ee scho bal vun enger Virentscheedung schwätzen. De Racing war immens effektiv.
Nom Téi huet et keng 4 Minutte gedauert an Hueschtert huet a Persoun vum Quinol den Uschloss konnte markéieren. An der Suite vum Match waren d'Gäscht wuel beméit, waren am Ofschloss awer net präzis genuch. Sou ass den Avdusinovic säi Schoss laanscht de Gol gaangen. An der Schlussphas huet een den Drock wuel nach emol erhéicht, dat awer dozou gefouert huet, dass d'Lokalekipp Raum fir Konteren hat. An dëst huet de Mabella mat engem 2. Gol an der 88. Minutt äiskal ausgenotzt.
De Racing gewënnt alles an allem verdéngt mat 4:1 géint Hueschtert a steet mat 7 Punkte bis e Sonnde emol un der Tabellespëtzt. Hueschtert huet no 3 Matcher dräi Mol verluer an deementspriechend 0 Punkten um Konto.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de GolerRacing Union - US Hueschtert 4:1
1:0 Mabella (23'), 2:0 Pina Gomes (26'), 3:0 Mazié (41'), 3:1 Quinol (49'), 4:1 Mabella (88')