Leverkusen wënnt Optaktmatch an der Bundesliga, de PSG iwwerrennt Montpellier

Bayer Leverkusen duerch Gol an der Nospillzäit mat Victoire géint Borussia Mönchengladbach. Paris Saint-Germain schéisst 6 Goler géint Montpellier.
Bundesliga
Borussia Mönchengladbach - Bayer Leverkusen 2:3
De Lëtzebuerger Yvandro Borges war bei Gladbach net mat am Kader. Hien ass aktuell um Knéi blesséiert.
De bessere Start an de Match hat Leverkusen, well déi sinn duerch e wonnerbare Schoss vum Xhaka an der 12. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. Gladbach huet sech duerno eng Partie Chancen erausgespillt, ouni awer dovunner profitéieren ze kënnen. Op der anerer Säit war et an der 38. Minutt de Florian Wirtz, deen op 2:0 erhéije konnt fir Leverkusen, nodeems d'Gladbacher Defense de Ball net aus dem eegene 16 Meter degagéiere konnt.
Déi Gladbacher hunn awer net opginn. An der 42. Minutt huet den Tim Kleindienst no engem Fräistouss vun hallef lénks no vill Gewurschtels am Leie mam Kapp de Ball iwwert d'Linn vum Leverkusener Gol gedréckt. D'Situatioun ass nach emol vum VAR kontrolléiert ginn an de Schidsriichter huet sech et och nach emol ugekuckt. D'Decisioun huet de Gladbacher net gefall, well et gouf op Foulspill vum Kleindienst decidéiert an et blouf beim 2:0 fir Leverkusen.
Och an der 2. Hallschent hunn d'Spiller vun der Borussia weider Drock gemaach. An der 59. Minutt huet den Elvedi fir Gladbach getraff... ma nees huet de VAR sech gemellt. Déi Kéier huet de Gol awer gezielt a Gladbach konnt op 1:2 verkierzen.
Leverkusen huet duerno den Drock erhéicht a sech méi Chancen erausgespillt a sech am 16-Meter vu Gladbach festgesat.
An der 85. Minutt et dunn nees am Netz gerabbelt... allerdéngs zu Gonschte vun der Borussia. De Kleindienst konnt no gudder Viraarbecht vum Stöger den Ausgläich markéieren. Et stoung also puer Minutte virun Enn 2:2.
An der 91. Minutt hat de Grimaldo eng riseg Chance fir Leverkusen, säi Schoss goung awer iwwert de Gol.
An der 98. Minutt koum dunn nees de VAR an den Asaz... a Leverkusen krut en Eelefmeter zougesprach, deen de Florian Wirtz zwar verschoss huet, ma säin Noschoss ass an der 101. Minutt am Gladbacher Netz gelant. Domadder mécht Bayer Leverkusen do weider, wou se déi ganz lescht Saison scho staark dra waren... mat Goler an der Nospillzäit. Beim Spillstand vun 3:2 fir Leverkusen gouf de Match an der 104. Minutt ofgepaff.
Den aktuelle Bundesliga-Champion start deemno mat enger Victoire an déi nei Saison an ass bis op d'mannst e Samschdeg am Nomëtteg Tabelleleader an der 1. Bundesliga.
Ligue 1
Paris Saint-Germain - Montpellier HSC 6:0
Grad emol 4 Minutten huet et gedauert, bis de Bradley Barcola no enger staarker Eenzelleeschtung mat engem stramme Schoss konnt den 1:0 fir de PSG markéieren. 20 Minutte méi spéit huet de Joâo Neves de Marco Asensio a Positioun bruecht, deen am 16er konnt schéissen an op 2:0 erhéijen.
An der zweeter Hallschent koum an der 53. Minutt d'Viraarbecht vum Dembélé an et war nees de Barcola, dee profitéiert huet an ouni grouss Problemer den 3:0 geschoss huet. Et war scho säin 3. Gol dës Saison, nodeems en am 1. Match géint Le Havre scho getraff hat.

© AFP (Archiv)
Nëmme 5 Minutte méi spéit huet den Hakimi de Score op 4:0 gesat, dat no Virlag vum Mendes. Et konnt ee bal mengen et géif elo heeschen "Wer will noch mal, wer hat noch nicht?", well an der 60 Minutt huet den Zaïre-Emery de 5:0 fir de PSG geschoss.
No enger klenger méi roueger Phas huet an der 82. Minutt dunn de Lee Kang-In d'hallef Dose voll gemaach an op 6:0 erhéicht.
Dat war dann och d'Schlussresultat. De PSG huet deemno no 2 Spilldeeg zwou Victoiren um Kont, dat bei engem Golverhältnis vun 10:1.