D'Victoire an där Héicht ass och verdéngt. De Match huet wéinst dem Onwieder mussen ënnerbrach ginn.

De Swift Hesper klappt virun 950 Spectateuren d'Jeunesse Esch verdéngt mat 5:1. De Match hätt fir Hesper net besser kënnen ufänken. De Stolz stoung no enger Flank genee richteg am Strofraum an huet de Ball eragesat. D'Jeunesse war déi éischt Minutte vum Match guer net am Spill. No enger Véierelstonn hat de Stolz eng weider gutt Geleeënheet, mee de Ball goung un de Potto. An der 25. Minutt huet de Stolz et awer nees besser gemaach an den zweete Gol fir seng Faarwe markéiert. Hesper huet de Match bis zur Paus weider dominéiert, mee aus dem Näischt koum den Uschloss fir d'Jeunesse, soudass et mat 2:1 fir de Swift an d'Kabinne goung.

De Gol hat der Jeunesse gutt gedoen. Déi Schwaarz-Wäiss si mat vill Schwong an den zweeten Duerchgang gestart an haten den Ausgläich um Fouss, mee eng giel-rout Kaart fir de Fernandes Andrade an der 61. Minutt huet d'Escher aus der Bunn geheit. Och well Hesper d'Iwwerzuel direkt ausgenotzt an den 3:1 geschoss huet.

D'Jeunesse huet awer net opginn an hat nach eng gutt Chance, fir nees erun ze kommen. Beim Stand vu 4:1 gouf de Match wéinst dem Onwieder fir bal 40 Minutten ënnerbrach. Esch huet sech an de leschten ze spillende Minutten nach ee Gol gefaangen, éier den Arbitter pénktlech no 90 Minutten ofgepaff huet. Hesper ass bis e Sonndeg provisoreschen Tabellenéischten, d'Jeunesse Esch steet weider op der 12. Plaz.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

Swift Hesper - Jeunesse Esch 5:1

1:0 Stolz (2'), 2:0 Stolz (23'), 2:1 Dutard (45'+1), 3:1 Gueddar (63'), 4:1 Bouhmidi (74'), 5:1 David (80')

D'Tabell