Stuttgart huet dräi Punkten an de leschte Minutten aus der Hand ginn a spillt gläich. Victoirë gouf et donieft fir Frankfurt, Wolfsburg a Gladbach.

En 0:0-Remis gouf et tëscht Bremen an Dortmund. An der 1. Hallschent hunn d'Spectateure more Kascht gebuede kritt. De BVB hat zwar méi Ballbesëtz, Golchance gouf et op béide Säite keng. Nom Säitewiessel ass et weidergaange wéi virdrun. Béid Ekippe ware beméit, e Gol sollt dobäi awer net eraussprangen. An der 73. Minutt hat de Schlotterbeck déi giel-rout Kaart gewise kritt.

Eng geckeg Partie gouf et dogéint zu Stuttgart. De VFB huet géint Mainz 3:3 gespillt. Der Heemekipp war d'Roserei no der Defaite um 1. Spilldag unzegesinn. Vun Ufank un huet d'Ekipp vum Sebastian Hoeness mat Elan no vir gespillt a war no 15 Minutten duerch Goler vu Millot a Leweling schonn 2:0 vir. Mainz konnt awer nach virun der Paus duerch en Eelefmeter vum Amiri verkierzen. D'Gäscht waren no der Paus besser an der Partie a konnten duerch de Burkardt ausgläichen. An der Schlussphas sollt et nach emol héich hiergoen. An der 88. Minutt huet de Rieder mat der Hëllef vum Réck vum Mainzer Golkipp en direkte Fräistouss am Filet ënnerbruecht. 6 Minutte méi spéit ass dem Mainzer Leitsch nach den 3:3 gelongen. Stuttgart bleift och am 2. Match vun der Saison ouni Victoire.

Kiel huet den éischte Match virun eegenem Public an der 1. Bundesliga mat 0:2 géint Wolfsburg verluer. Den Arnold an de Bornauw hunn d'Goler fir d'Gäscht markéiert.

Frankfurt konnt sech doheem mat 3:1 géint Hoffenheim behaapten. Bochum war Gladbach mat 0:2 ënnerleeën. De Lëtzebuerger Yvandro Borges war bei de Gäscht wéinst senger Blessur nach net am Kader. 

An der Owespartie gouf et eng 3:2-Victoire fir Leipzig zu Leverkusen. D’Serie vu 35 Partien ouni Defaite vu Leverkusen an der Bundesliga ass domadder eriwwer. Et war e richtegen Top-Match tëscht béiden Ekippen, wou sech näischt geschenkt gouf. D’Heemekipp ass an der 1. Hallschent duerch Frimpong a Grimaldo 2:0 a Féierung gaangen. An der 7. Minutt vun der Nospillzäit huet de Kampl awer verkierzt. Den Openda huet mat zwee Goler an der 2. Hallschent de Match komplett gedréint. Leverkusen sollt des Kéier och kee spéide Gol geléngen, esou datt et no 2 Spilldeeg déi éischt Defaite fir Leverkusen gouf.

Hei fannt Dir den Iwwerbléck iwwer déi aner international Ligen.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell