Barcelona iwwerrennt Valladolid, Arsenal mat Remis géint Brighton

© MANU QUINTERO/AFP
7:0 huet Barcelona géint Valladolid gewonnen. A Frankräich huet Brest géint Saint-Étienne d'Iwwerhand behalen.
An der Bundesliga huet Leverkusen no 35 Matcher ouni Defaite mol nees eng Kéier verluer.
A Portugal gouf de Roger Schmidt, Trainer vum Leandro Barreiro bei Benfica, um Samschdeg entlooss.
Premier League
Arsenal - Brighton 1:1
1:0 Havertz (38'), 1:1 Pedro (58')
Um 3. Spilldag gouf et eng interessant Partie tëscht 2 Ekippen déi nach ongeschloe waren. D'Heemekipp huet besser an de Match fonnt a goung no 38 Minutte verdéngt duerch den Havertz a Féierung. Kuerz no der Paus krut de Rice vun Arsenal déi giel-rout Kaart gewisen. D'Gäscht konnte séier dovu profitéieren an hunn no 58 Minutten duerch de Pedro ausgeglach. An der Suite war Brighton déi dominant Ekipp, hunn et awer net fäerdeg bruecht, en 2. Gol ze markéieren. Et sollt beim 1:1 bleiwen. Béid Ekippe starten also mat 7 Punkten an déi nei Saison.
West Ham - Manchester City 1:3
0:1 Haaland (10'), 1:1 Ruben Dias (19', Selbstgol), 1:2 Haaland (30'), 1:3 Haaland (83')
Den Haaland war an enger animéierter Partie de Mann vun der Partie mat 3 Goler. An der éischter Hallschent hat City méi vum Match an ass fréi a Féierung gaangen. D'Heemekipp huet sech net verstoppt an ass och ëmmer nees no vir komm. Den Dias huet mat engem Selbstgol fir den Ausgläich gesuergt. City huet awer net nogelooss an huet virun der Paus d'Féierung iwwerholl. Och an den zweete 45 Minutte ware béid Ekippen op Aenhéicht, éier den Haaland de Match mam 3:1 entscheet huet. ManCity huet no 3 Matcher de Maximum vun de Punkten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Ligue 1
Brest - Saint-Étienne 4:0
1:0 Camara (10'), 2:0 Del Castillo (32', Eelefmeter), 3:0 Ajorque (77'), 4:0 Lala (84', Eelefmeter)
Brest huet um 3. Spilldag déi 1. Victoire gefeiert. Den Opsteiger Saint-Étienne hat iwwer de ganze Match keng Chance an huet um Enn verdéngt 0:4 verluer. D'Gäscht stinn an der neier Saison nach ouni Punkten do.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Barcelona - Real Valladolid 7:0
1:0 Raphina (20'), 2:0 Lewandowski (24'), 3:0 Koundé (45+2'), 4:0 Raphinha (64'), 5:0 Raphinha (72'), 6:0 Olmo (82'), 7:0 Torres (85')
Barcelona ass senger Favoritteroll gerecht ginn an huet sech kloer géint Valldolid behaapt. An der Paus stoung et schonns 3:0. Nom Téi sinn d'Goler weiderhi richteg gebonzelt. De Raphinha huet dräimol markéiert. Barcelona ass mat 4 Victoiren a 4 Matcher perfekt an d'Saison gestart.