Och de Raphaël Duarte konnt sech iwwer ee Succès freeën, de Mathias Olesen konnt dogéint mat engem Punkt net zefridde sinn.

Nodeems een an de leschte Woche virun allem offensiv Problemer hat, konnt St. Gilloise an der éischter Divisioun an der Belsch nees souverän 3 Punkte feieren. Beim 3:0 géint Kortrijk stoung den Anthony Moris wéi gewinnt de ganze Match tëscht de Pottoen.

An der éischter hollännescher Liga huet NAC Breda sech onglécklech mat 0:1 géint Twente misse geschloe ginn. Den Enes Mahmutovic ass no enger knapper Stonn bei Breda agewiesselt ginn, déi no dëser Defaite op Plaz 16 stinn.

Nodeems Köln an der zweeter däitscher Bundesliga no 15 Minutte scho mat 3:0 vir louch, ass d'Ekipp vum Mathias Olesen um Enn net iwwert ee 4:4 géint Karlsruhe erauskomm. De Lëtzebuerger souz op der Bänk, ass awer net zum Asaz komm.

Besser ass et fir Elversberg mam Co-Trainer Raphaël Duarte gelaf. Si hu sech iwwerraschend däitlech mat 4:1 am Olympiastadion géint Hertha Berlin duerchgesat, woumat een déi zweet Victoire vun der Saison feiert.

Am Aserbaidschan huet Qarabag sech mat 3:2 géint Sabah Baku duerchgesat, bei deenen de Vincent Thill net am Kader stoung.

An der Nuecht op e Sonndeg huet de Maxime Chanot mat Los Angeles géint Cincinnati gewonnen. De lëtzebuergeschen Defenseur stoung beim 2:1-Erfolleg an der Startformatioun, krut an der 5. Minutt eng giel Kaart a gouf no 72 Minutte vum Terrain geholl.

Samschdeg

An der däitscher Bundesliga huet St. Pauli déi éischt Victoire an dëser Saison gefeiert. D'Hamburger hunn 3:0 beim SC Freiburg gewonnen, wat och gläichbedeitend mat der éischter Victoire zënter 13 Joer an der Bundesliga war. Den Danel Sinani huet quasi de ganze Match vun der Bänk suivéiert, éier hien ab der 90. Minutt fir e puer Minutte Spillpraxis sammele konnt.

Den Yvandro Borges ass nach ëmmer um Knéi blesséiert a war bei der 1:0-Victoire vu Gladbach géint Union Berlin net mat vun der Partie.

Am Nopeschland Éisträich huet St. Pölten an der zweeter Liga 0:0 mat Stripfing gespillt. Den Dirk Carlson huet seng Ekipp als Kapitän op den Terrain geféiert an huet sech wärend den 90 Minutten eng Giel Kaart agefaangen.

Benfica Lissabon huet sech um 7. Spilldag géint Gil Vicente keng Bléisst ginn a gewënnt 5:1. De Leandro Barreiro huet de komplette Match vun der Bänk suivéiert. Benfica klappt no engem schlechte Start elo nees ganz uewen un, huet awer nach 5 Punkte Réckstand op de Leader Sporting.

Nodeems den Alessio Curci e Freideg der belscher Pro League am Asaz war, war et e Samschdeg um Laurent Jans. Beveren huet awer wéi Francs Borains de Kierzere gezunn a mat 0:2 géint d'U23 vum FC Bruges verluer. Beveren a Bruges sinn elo punktgläich.

De Gerson Rodrigues, dee fir eng Saison vun Dynamo Kiew an déi zweet chineesesch Liga ausgeléint ass, stoung déi véiert Kéier hannerteneen net am Kader vu Guangxi Pingguo Haliao. An dëse véier Matcher ouni de Lëtzebuerger gouf et jeeweils e Gläichspill, dës Kéier war et en 1:1 géint Suzhou Dongwu. Guangxi verléiert ëmmer méi den Uschloss un d'Opstigsplazen an huet elo 9 Punkte Réckstand op d'Plaz 2.

An Norwegen huet Kongsvinger mam Spëtzereider Valerenga 2:2 gedeelt. De Lars Gerson stoung wärend 90 Minutten um Terrain. Kongsvinger ass weiderhin am Kampf ëm den Opstig dobäi.

An der zweeter hollännescher Liga huet Den Bosch, de Veräi vum David Jonathans, mat Telstar 0:0 gedeelt an ass weiderhi vir mat dobäi. De Lëtzebuerger koum net zum Asaz.

A Bulgarien verléieren de Mica Pinto an ZSKA Sofia ëmmer méi den Uschloss un d'Tabellespëtzt. Nom 0:0 géint Varna huet Sofia elo 10 Punkten um Kont a schonn 12 Punkte Réckstand op de Leader Ludogorez Rasgrad.

Am Nopeschland Serbien huet Vojvodina 3:3 géint Nis gespillt, en direkte Konkurrent am Tabellemëttelfeld. De Seid Korac huet 90 Minutten um Terrain gestanen.

Freideg

An der Pro League an der Belsch huet Francs Borains mat 1:2 géint RWD Molenbeek de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger Alessio Curci hat an der 35. Minutt fir d'Lokalekipp op 1:1 ausgeglach, ma d'Gäscht konnten eng 15 Minutte viru Schluss nach emol a Féierung goen an esou och de Match gewannen. An der provisorescher Tabell steet Molenbeek op der 1. Plaz mat 16 Punkten. Francs Borains huet no 6 Spilldeeg 6 Punkten a steet e Freideg den Owend op der 11. Plaz.

An der Ligue 2 a Frankräich huet de Florian Bohnert mat Bastia 2:2 géint Annecy gläichgespillt. De Lëtzebuerger stoung vun Ufank un um Terrain. An der provisorescher Tabell steet Bastia mat 12 Punkten op der 7. Plaz.

Fir de Kont vum 11. Spilldag an der éischter Liga a Rumänien huet de Vahid Selimovic mat Hermannstadt mat 1:4 zu Petrolul verluer. De Lëtzebuerger war an der 75. Minutt agewiesselt ginn.

An der 1. Liga a Polen hat Odra Opole mam Edvin Muratovic bei Wisla Krakau keng Chance an huet mat 0:5 verluer. De Lëtzebuerger gouf Sekonne viru Schluss ausgewiesselt. An der Tabell steet Ople no 10 Spilldeeg nëmmen eng Plaz virun den direkten Opstigsplazen.