Wolfsburg hëlt Stuttgart 2 Punkten of an Heidenheim huet sech vun den zwou Néierlagen net beandrocke gelooss. St. Pauli feiert déi éischt Victoire.

Am Owesmatch hu Bayern München a Bayer Leverkusen d'Punkte bei engem 1:1 gedeelt. Leverkusen ka besser mat deem enge Punkt liewe wéi d'Bayern. No der Féierung fir Leverkusen duerch den Andrich konnten d'Bayern séier duerch de Pavlovic ausgläichen, dee säi Feeler beim Réckstand domat guttmaache konnt. Nom Téi war de Rekordmeeschter immens dominant an huet Leverkusen an der eegener Hallschent gehalen. Et sollt awer kee weidere Gol fir d'Lokalekipp falen. Kuerz viru Schluss huet sech den Harry Kane blesséiert an huet mussen ausgewiesselt ginn.

RB Leipzig kann nach Goler schéissen; dat hu si beim 4:0 géint Augsburg bewisen. Schonn no enger Véierelstonn stoung et 2:0 an d'Sachse waren op der Gewënnerstrooss. Virun allem de Sesko an de Xavi waren d'Garante fir déi wichteg Victoire, well sou bleift Leipzig virun Dortmund an no u Bayern München. Augsburg hätt nach virun der Paus op 1:2 verkierze kënnen, huet awer en Eelefmeter verginn. Och am zweeten Duerchgang huet Leipzig mat zwee séiere Goler kloer gemaach, dass si déi dräi Punkten doheem behale wëllen.

Den FC St. Pauli feiert déi éischt Victoire an der Bundesliga no 13 Joer an och an dëser Saison. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Danel Sinani, deen an der 90. Minutt e puer Spillminutte krut, huet sech mat 3:0 beim SC Freiburg duerchgesat. Vu Freiburg koum wärend dem ganze Match ze wéineg. D'Offensiv ass net géint déi staark Defense vun den Hamburger ukomm. "Man of the Match" war de Pauli-Spiller Saad, deen d'Victoire mat sengem Gol an der 12. Minutt agleet hat an an der 73. Minutt mam 3:0 de Sak zougemaach huet. Soumat gewënnt St. Pauli net onverdéngt am Breisgau a steet an der Tabell net méi op enger Ofstigsplaz.

Suttgart konnt déi staark Leeschtung ënnert der Woch géint Dortmund net vergolden a léisst zu Wolfsburg zwee Punkte leien. Um Enn konnt de Vizemeeschter frou sinn, dass den Undav an der leschter Minutt vun der Nospillzäit nach getraff huet, soudass de Match 2:2 ausgoung.

Gladbach feiert eng Last-Second-Victoire a klappt Union Berlin 1:0. Heidenheim huet déi zwou Néierlage géint Freiburg an Dortmund gutt ewechgestach a gewënnt 2:0 zu Mainz.

Um 18.30 Auer gëtt den absolutte Spëtzematch tëscht Bayern München a Bayer Leverkusen ugepaff.

Schonn um Freideg hat sech Dortmund 4:2 géint Bochum behaapt.

Wéi et an den aneren europäesche Championnater gelaf ass, fannt Dir hei am Resumé.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell