Chelsea suergt fir historesche Moment

© AFP
Manchester City schéngt ouni de Rodri net esou ugrëffslëschteg. An der Serie A huet sech Inter Mailand mat enger Victoire zeréckgemellt.
Bundesliga
De Resumé vum 6. Spilldag an der däitscher Bundesliga fannt Dir hei.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Newcastle - Manchester City 1:1
0:1 Gvardiol (35'), 1:1 Gordon (58', Eelefmeter)
Ouni de blesséierte Rodri huet Manchester City net wierklech zu sengem Match fonnt an huet ouni Iddie gewierkt. D'Skyblues konnte wuel mat hirer éischter gudder Geleeënheet a Féierung goen. De Gvardiol konnt de Ball vun der Strofraumgrenz erasetzen. ManCity hätt virun der Paus nach erhéije kënnen, mee de Gündogan huet seng Chance leie gelooss. Den amtéierende Meeschter huet am zweeten Duerchgang net méi zu sengem Spill fonnt, soudass d'Magpies ëmmer nees geziilt Stéch setze konnten. Newcastle krut dunn en Eelefmeter zougesprach, deen de Gordon verwandele konnt. D'Lokalekipp hat am Uschloss souguer nach d'Méiglechkeet, de Match fir sech ze decidéieren.
Arsenal - Leicester 4:2
1:0 Martinelli (20'), 2:0 Trossard (45'+1), 2:1 Justin (47'), 2:2 Justin (63'), 3:2 Ndidi (90'+4, Eegegol), 4:2 Havertz (90'+9)
Nodeem Arsenal an der éischter Hallschent kloer iwwerleeë war, awer "just" zwee Goler markéiere konnt, koum Leicester fir d'éischt zum Uschloss an duerno duerch e wonnerschéine Gol zum Ausgläich. Arsenal huet dunn op den 3:2 gedréckt. D'Gunners hu vun der laanger Nospillzäit profitéiert a konnten de Lucky Punch setzen.
Chelsea - Brighton 4:2
0:1 Rutter (7'), 1:1 Palmer (21'), 2:1 Palmer (28'), 3:1 Palmer (31'), 3:2 Baleba (34'), 4:2 Palmer (41')
Wat eng éischt Hallschent op der Stamford Bridge: ganzer 6 Goler kruten d'Spectateuren ze gesinn, an dobäi véier Stéck vum Cole Palmer. Domat ass dem jonken Englänner eppes Historesches an der Premier League gelongen. An dobäi hat de Palmer nach zwee Mol an de géigneresche Filet getraff; béid Goler hunn awer net gezielt. An der zweeter Hallschent huet et gewierkt, wéi wann den Tank bei béiden Ekippen eidel gewiescht wär.
Wolverhampton - Liverpool 1:2
0:1 Konaté (45'+2), 1:1 Ait-Nouri (56'), 1:2 Salah (61', Eelefmeter)
Liverpool huet den Ausrutscher vu Manchester City ausgenotzt an d'Tabellespëtzt iwwerholl. Wolverhampton huet weiderhi just ee Punkt um Kont. D'Reds hu sech laang schwéier gedoen a koumen eréischt no enger hallwer Stonn an de Match. Kuerz virun der Paus konnte si den 1:0 markéieren. Nom Ausgläich fir Wolverhampton konnt de Salah den ale Virsprong nees hierstellen, mee d'Ekipp vum Arne Slot konnt trotzdeem net hiert geféierlecht Spill opzéien an huet bis zum Schluss musse kämpfen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Udinese - Inter Mailand 2:3
0:1 Frattesi (1'), 1:1 Kabasele (35'), 1:2 Lautaro Martinez (45'+3), 1:3 Lautaro Martinez (47'), 2:3 Lucca (83')
Inter Mailand huet d'éischt Néierlag vun der Saison gutt verdaut an hält weider de Kontakt zur Tabellespëtzt. Am Spëtzematch géint den direkte Konkurrent Udinese Calcio huet de Lautaro Martinez fir Inter den Ënnerscheed gemaach. Den Argentinier konnt mat engem Gol kuerz virun an direkt no der Paus d'Nerazurri op d'Gewënnerstrooss bréngen. Den Uschloss fir Udinese koum ze spéit.
FC Genua - Juventus Turin 0:3
0:1 Vlahovic (48'), 0:2 Vlahovic (55'), 0:3 Conceiçao (89')
Mat dëser Victoire iwwerhëlt d'Juve provisoresch d'Tabelleféierung vum Lokalrival FC Turin. D'Al Damm huet an dëser Saison nach kee Match an der Serie A verluer.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Lens - Nice 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1