Bayer klappt d'SGE mat 2:1, d'Bayern hu Stuttgart mat 4:0 heemgeschéckt. Iwwer 3 Punkte kenne sech och Leipzig, Gladbach, Hoffenheim a Freiburg freeën.

An der däitscher Bundesliga war et e Samschdeg d'Suite vum 7. Spilldag. E Freideg konnt sech fir den Optakt schonn Dortmund mat 2:1 géint St. Pauli duerchsetzen.

Am Spëtzematch vum 7. Spilldag tëscht Leverkusen a Frankfurt sinn d'Spectateure voll op hier Käschte komm. Leverkusen ass wuel besser an de Match komm, huet déi grouss Chance a Féierung ze goen awer verginn. De Boniface säin Eelefmeter sollt vum Trapp gehale ginn. Kuerz dorop krut d'SGE een Eelefmeter zougesprach. De Marmoush huet Frankfurt deemno an der 16. Minutt a Féierung geschoss. 9 Minutte mei spéit huet den däitsche Meeschter a Persoun vum Andrich de Score no enger flottem Spillzuch op 1:1 ausgläiche konnten.

No der Awiesslung vum Wirtz huet Leverkusen an der 2. Hallschent e Gang rop geschrauft a huet mam Boniface an der 72. Minutt d'Féierung markéiert. Bei dësem Spillstand sollt et dann och bleiwen. Domat zitt Leverkusen an der Tabell laanscht Frankfurt a steet elo op der 4. Plaz.

Mainz huet iwwerdeems doheem 0:2 de Kierzeren géint RB Leipzig gezunn. Dobäi war et virun allem an der 1. Hallschent eng verfuere Partie, bei där d'Gäscht hier wéineg Chancen äiskal konnten notzen.

Borussia Mönchengladbach louch géint den Opsteiger vun Heidenheim no 12. Minutten mat 0:1 a Réckstand. D'Fohlen sinn an der Suite vum Match emmer besser an de Match komm a gewannen um Enn mat 3:2.

Augsburg hat zu Freiburg näischt ze radetten a verléiert ma 1:3. D'Lokalekipp aus dem Breisgau huet virun allem um Enn vun der 1. Hallschent sech an e Rausch gespillt a bannent 12 Minutten dräi mol getraff. Augsburg huet duerch den Tietz wuel nach den Uschloss markéiert, zu mei sollt et awer net duergoen.

Hoffenheim huet am Tabellekeller 3:1 géint Bochum gewonne. D'Goler fir TSG hunn Kramaric, Bülter a Tabakovic markéiert. Kuerz viru Schluss hat Bochum d'Chance per Eelefmeter den Ausgläich ze markéieren, de Baumann am Hoffenheimer Gol huet dësen awer paréiert. An der Nospillzäit huet den Tabakovic fir d'Entscheedung gesuergt.

Am zweete Spëtzematch vum 7. Spilldag huet sech Bayern München kloer a verdéngt mat 4:0 géint de VfB Stuttgart behaapt. Matchwinner war virun allem den Harry Kane mat engem weideren Hattrick. Déi éischt Hallschent war vu béiden Ekippen net gutt, dofir kruten d'Spectateuren an den zweete 45 Minutten eppes fir hir Sue gebueden. De Kane konnt no e puer Matcher ouni Gol dëse Laf stoppen. De véierte Gol huet de Coman kuerz viru Schluss bäigesteiert.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell