Souverän Victoire fir d'Bayern, Dortmund klappt Leipzig

© AFP
Donieft iwwerrennt Frankfurt Bochum an Holstein Kiel feiert déi éischt Victoire jeemools an der éischter Bundesliga.
Bayern München huet géint Union Berlin op en Neits eng dominant Leeschtung gewisen a sech um Enn mat 3:0 duerchgesat. No enger Véierelsstonn huet de Kane aus 11 Meter fir d'Féierung gesuergt. An der Suite sinn d'Gäscht trotz wéineg Ballbesëtz besser an de Match komm, ma de Coman konnt no enger schéiner Kombinatioun kuerz virun der Paus den 2:0 markéieren. Eng 5 Minutten no der Paus war et nees de Kane, deen de Ball just nach iwwert d'Linn misst drécken, woumat d'Partie endgülteg entscheet war. Mat deem Resultat sollt et och op en Enn goen, soudass d'Münchener d'Tabelleféierung verdeedegen.
Zu Frankfurt huet d'Lokalekipp de VfL Bochum mat 7:2 aus dem Stadion geschoss. No Virlag vum Marmoush huet den Ekitike no 9 Minutten op 1:0 gestallt, kuerz drop huet den Ägypter selwer per Fräistouss erhéicht. No zwee weidere Goler vu Knauff a Brown stoung et no enger gudder hallwer Stonn scho 4:0 fir d'Eintracht. Duerch Goler vun De Wit an Hofmann ass Bochum tëschenzäitlech méi no erukomm, ma bannent 8 Minutten hunn Dahoud, Uzun an nees Ekitike den Ofstand op 5 Goler eropgesat. Frankfurt spréngt domat op Plaz 3 an der Tabell, Bochum bleift ofgeschloenen Tabelleleschten.
Kiel konnt mam 1:0 géint Heidenheim déi éischt Bundesliga-Victoire an der Geschicht feieren. Den Erras huet no enger knapper hallwer Stonn mam Kapp den decisive Gol geschoss.
Mat St. Pauli konnt och den zweeten Opsteiger um 9. Spilldag 3 Punkte feieren. D'Ekipp vum Danel Sinani huet sech duerch Goler vun Afolayan a mat 2:0 bei Hoffenheim duerchgesat.
Zu Wolfsburg ass d'Lokalekipp net iwwert en 1:1 géint Augsburg erauskomm, woumat een an der Liga weider ouni Heemerfolleg bleift.
Am Topmatch huet de BVB 2:1 géint Leipzig gewonnen. Dortmund huet sech staark verbessert gewisen an ass direkt zu enger Rei vu gudden Occasiounen komm. Duerch de Sesko ass RB du géint de Spillverlaf a Féierung gaangen, ma just 3 Minutten drop stoung de Beier bei engem Corner goldrichteg a konnt mat sengem éischte Gol fir de BVB ausgläichen. Och an der Suite ass d'Lokalekipp spillbestëmmend bliwwen, wärend Leipzig defensiv sécher stoen an ëmschalte wollt. An der 65. Minutt huet de Guirassy d'Partie du mam verdéngten 2:1 per Kapp gedréint. An der Schlussphas si béid Formatiounen nach geféierlech, ma um Enn bleift et beim 2:1, woumat de BVB sech aus der Kris schéisse kann.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.