Liverpool notzt Néierlage vun Arsenal a Manchester City aus

© AFP
Donieft goufen et Succèse fir de PSG, Juventus a Girona.
Premier League
Newcastle United - Arsenal 1:0
1:0 Isak (12')
No engem intensive Match fiert Arsenal ouni Punkt aus Newcastle zréck op London. Den Isak huet an der Ufanksphas mat engem schéine Kappball den eenzege Gol vum Dag markéiert. Arsenal hat zwar méi vum Spill, huet sech géint kompakt Haushären awer schwéier gedoen, eppes aus dem Spill eraus ze kreéieren. Och am zweeten Duerchgang huet Newcastle de Gäscht gréisstendeels de Ball iwwerlooss, déi domat awer net vill unzefänke woussten. D'Gunners verbuchen domat déi zweet Defaite vun der Saison a leien an der Tabell just nach 3 Punkte virun Newcastle.
Liverpool - Brighton 2:1
0:1 Kadioglu (14'), 1:1 Gakpo (70'), 2:1 Salah (72')
D'Gäscht hunn un der Anfield Road vun Ufank u matgespillt a sinn duerch e schéinen Ofschloss vum Kadioglu no enger knapper Véierelsstonn a Féierung gaangen. Wärend Liverpool kaum zu gudden Occasioune komm ass, konnt Brighton mat Rutter, Mitoma a Co. ëmmer nees séier ëmschalten. No der Paus ass Liverpool du besser ginn an ass duerch de Gakpo zum héichverdéngten Ausgläich komm. Keng zwou Minutten drop war et de Salah, deen ee schéin ausgespillte Konter vun de Reds mam 2:1 belount huet. Duerch d'Defaitë vun Arsenal a Manchester City feiert Liverpool domat an der Course ëm den Titel 3 wichteg Punkten.
Bournemouth - Manchester City 2:1
1:0 Semenyo (9'), 2:0 Evanilson (64'), 2:1 Gvardiol (82')
Schonn an der 9. Minutt ass den Underdog duerch de Semenyo a Féierung gaangen, nodeems de Kerkez sech op lénks staark duerchgesat hat. D'Citizens hunn net richteg an de Match fonnt a si just vereenzelt geféierlech virun de Gol komm, haten awer an der Paus nach kee Schoss op de Gol ze verbuchen. Am zweeten Duerchgang haten d'Visiteuren nach méi de Ball, ma d'Geleeënheeten hat weiderhin Bournemouth. Nom Gol vum Evanilson huet de Champion méi Äntwerte fonnt an huet duerch dem Gvardiol säi Kappball verkierzt, ma fir méi sollt et net duergoen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Udinese - Juventus 0:2
0:1 Okoye (19', Selbstgol), 0:2 Savona (37')
Monza - AC Milan 0:1
0:1 Reijnders (43')
An engem animéierte Match hate béid Formatiounen eng Partie gutt Geleeënheeten op d'Féierung, ma just de Reijnders huet seng kuerz virun der Paus mam Kapp genotzt. No engem schwaache Start schafft Milan sech domat nees erop an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Paris Saint-Germain - Lens 1:0
1:0 Dembélé (4')
No schéiner Virlag vum Barcola huet den Dembélé de Ball no 4 Minutte just nach missen iwwer d'Linn drécken. An der Suite war de PSg zwar dominant an hat virun allem am éischten Duerchgang eng Partie gutt Occasiounen, konnt awer keen zweete Gol schéissen. No enger rouder Kaart fir Lens nom Säitewiessel hunn d'Paräisser d'Partie kontrolléiere wollten an de Ball an den eegene Reien dréine gelooss. Lens ass an Ënnerzuel zu kenger grousser Occasioun méi komm, woumat de PSG d'Tabelleféierung no der Defaite vu Monaco ausbaut.
Brest - Nice 0:1
0:1 Guessand (42')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Girona - Leganes 4:3
1:0 Gutierrez (21'), 1:1 Tapia (25'), 2:1 Martinez (31'), 2:2 Cruz (41'), 3:2 Stuani (62', Eelefmeter), 4:2 Gonzalez (73', Selbstgol), 4:3 El Haddadi (77')
An enger geckeger Partie ka Girona sech um Enn verdéngt mat 4:3 géint den Opsteiger aus Leganes duerchsetzen. D'Katalanen sinn an der éischter Hallschent zweemol a Féierung gaangen, ma déi sollt ni méi laang wéi 10 Minutten halen. No engem Eelefmeter an engem Selbstgol huet de Match entscheet ausgesinn, ma Leganes huet et op en Neits spannend gemaach an d'Lokalekipp bis zum Schluss ziddere gelooss.
No de schwéieren Onwieder an der Regioun Valencia goufen d'Partien tëscht Valencia a Real Madrid an tëscht Villarreal a Rayo Vallecano iwwerdeems verluecht.