Donieft huet Wolz zu Beetebuerg gewonnen a Monnerech a Stroossen hunn 1:1 gläich gespillt. Et war den éischte Punkt vun der Saison fir Monnerech.

Um Sonndeg stoung d'Suite vum 12. Spilldag an der BGL Ligue um Programm. Um Samschdeg hate Péiteng an Diddeleng 2:2 gläich gespillt.

Déifferdeng huet zu Hueschtert mat 3:1 gewonnen. Dobäi gouf et no 6 Minutten déi kal Dusch fir den aktuelle Champion. De Besch hat d'Heemekipp mat 1:0 a Féierung bruecht. D'Gäscht konnten awer no 17 Minutten duerch de Jorginho ausgläichen. Déifferdeng ass mam Fouss um Gas bliwwen, de Chiotti am Hueschterter Gol huet am éischten Duerchgang kee méi eragelooss. An der 2. Hallschent huet et bis an déi 78. Minutt gedauert, éier den Abreu d'Gäscht nees a Féierung konnt bréngen. De Jorginho mat sengem 2. Gol huet de Sak kuerz viru Schluss mam 3:1 definitiv zougemaach. Et war déi 11. Victoire am 12. Match fir Déifferdeng an et bleift ee souverän un der Tabellespëtzt.

En 1:1-Remis gouf et tëscht dem Progrès a Munneref. An engem Match ouni vill Héichpunkten huet de Bah d'Heemekipp mat engem Eelefmeter vir bruecht. Den Abdelkadous huet 18 Minutte viru Schluss ausgeglach.

Hesper konnt sech géint Fola mat 2:0 behaapten. Et war e couragéierten Optrëtt vun de Gäscht. Déi spilleresch besser Ekipp ass awer an der 24. Minutt a Féierung gaangen. De Stolz hat de Gol fir d'Heemekipp markéiert. Nom Téi ass et weider spannend bliwwen, béid Ekippen hätte kéinte markéieren. De Stolz ass kuerz viru Schluss den 2:0 gelongen an huet d'Partie domadder entscheet. Hesper huet op der 2. Plaz an der Tabell weiderhin e Réckstand vu 5 Punkten op Déifferdeng.

Um 17 Auer gouf de Match tëscht der Jeunesse an dem Racing ugepaff. D'Lokalekipp huet sech mat 2:1 duerchgesat.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

US Hueschtert - Déifferdeng 1:3
1:0 Besch (6'), 1:1 Jorginho (17'), 1:2 Abreu (78'), 1:3 Jorginho (89')

Beetebuerg - Wolz 0:1
0:1  Romeyns (83')

Monnerech - Stroossen 1:1
0:1 Nogueira Albuquerque De Souza (4'), 1:1 Robert (7')

Progrès - Munneref 1:1
1:0 Bah (50', Eelefmeter), 1:1 Abdelkadous (72')

Rouspert - Rodange 1:0
1:0 Rodrigues (7')

Hesper - Fola 2:0
1:0 Stolz (24'), 2:0 Stolz (89')

Jeunesse - Racing 2:1
1:0 Rodrigues (21'), 1:1 Monge (30'), 2:1 Garos (50')

D'Tabell