Elversberg a Raphael Duarte mat Victoire géint Hannover

© Arnaud Serexhe
Duerch eng 3:1-Victoire géint den Tabelleleader Hannover schafft sech d’Ekipp aus dem Saarland op déi 6. Plaz an der Tabell no vir.
Et leeft gutt beim Raphael Duarte an dem SV Elversberg. No der Victoire géint Hannover huet een op der 6. Plaz an der Tabell genee souvill Punkte wéi den HSV a just 3 Punkte Retard op den Tabelleleader. An der 2. Bundesliga geet et awer ganz enk zou. Et leien nämlech just 6 Punkten tëscht dem Tabellenéischten an dem 12..
Den Anthony Moris huet mat der Union St. Gilloise eng héich 4:0-Victoire géint den Tabelleleader Genk gefeiert. De Golkipp stoung wéi gewinnt de ganze Match tëscht de Pottoen.
S. Rzeszow huet a Polen 2:1 géint Znicz Pruszków gewonnen. De Sébastien Thill huet de ganze Match duerchgespillt. An der Tabell läit Rzeszow mat 25 Punkten op der 7. Plaz.
A Bulgarien huet ZSKA Sofia géint Krumovgrad 2:2 gläich gespillt. Den 2:2-Ausgläich fir d’Gäscht ass an der 8. Minutt vun der Nospillzäit gefall. De Mica Pinto stoung net am Kader.
Samschdeg
An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg huet sech de Maxime Chanot an den MLS-Playoffs eng Plaz an de 1/4-Finalle geséchert. Nom 1:1-Remis aus dem Allersmatch huet sech Los Angeles FC virun den eegene Spectateuren eng 1:0-Victoire geséchert an d'Vancouver Whitecaps domat eliminéiert. An der nächster Ronn geet et elo géint d'Seattle Sounders.
Fir den LNZ Cherkasy gouf et an der ukrainescher Premier League eng batter 0:1-Defaite géint den Tabelleleschten Obolon. Den Olivier Thill war dobäi 77 Minutten am Asaz.
Net an den Asaz komm ass de Mathias Olesen um 12. Spilldag an der 2. Bundesliga. Fir hie gouf et mat Köln trotzdeem dräi Punkte mat enger 1:0-Victoire géint Greuther Fürth.
Den Danel Sinani konnt mat senger Awiesslung an der 89. Minutt kee Punkt méi fir St. Pauli retten. Virun den eegene Spectateure huet ee sech um Enn misse knapp, awer verdéngt mat 0:1 géint den FC Bayern geschloe ginn.
Hei fannt dir all d'Resultater aus der 1. Bundesliga.
De Mirza Mustafic huet mat engem Gol zu der Victoire vum FK Sarajevo bäigedroen. Virun den eegene Spectateuren konnt ee sech mat 2:0 géint Sloga Doboj duerchsetzen an domat bleift de Club aus der Haaptstad weider knapp hannert dem Tabelleleader op der 2. Plaz.
Um leschte Spilldag an Norwegen huet sech de Lars Gerson mam Kongsvinger IL duerch eng Victoire eng Plaz an den Opstigsplayoffs geséchert. Beim IK Start konnte si sech mat 4:1 behaapten.
Freideg
An der zweeter Liga an Éisträich huet den SKN St. Pölten eng iwwerraschend däitlech Victoire gefeiert. Mam Dirk Carlson an der Starteelef konnt den elo 11. Placéierte aus St. Pölten sech mat 4:0 géint den SW Bregenz duerchsetzen, deen op der 4. Tabelleplaz steet.
Net sou gutt gelaf ass et fir den Timothé Rupil an der Regionalliga West. Schonn no 17 Minutten war d'U23 vu Schalke duerch eng Rout Kaart an Ënnerzuel. Um Enn gouf et eng kloer 0:4-Defaite géint d'U23 vu Paderborn.
An der Regionalliga Bayern ass de Sofiane Ikene fir d'Schlussphas agewiesselt ginn. D'U23 vun Nürnberg huet sech no 90 Minutte mat engem 1:1 géint Bayreuth d'Punkte gedeelt.
Ee Punkt ass et och fir den SC Bastia an der Ligue 2 ginn. De Florian Bohnert huet den 2:2-Remis géint Stade Laval vun der Bänk aus gesinn.