Mat enger 1:0-Victoire bleift Bayern weider ongeschloen Tabelleleader a fir Dortmund gouf et zu Mainz eng 1:3-Defaite.

An der 1. Bundesliga war e Samschdeg de Mëtteg d'Suite vum 10. Spilldag. E Freideg den Owend hate sech Union Berlin a Freiburg fir den Optakt mat engem 0:0 d'Punkte gedeelt.

De Weekend sinn och nees eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.

Am internationale Futtball gouf et ënnert anerem eng 1:2-Defaite trotz Féierung fir Manchester City.

Den Tabelleleader Bayern huet sech op St. Pauli mat 1:0 duerchgesat a bleift domat am Championnat weider ongeschloen. Vun Ufank u war den däitsche Rekordmeeschter senger Roll als Favorit gerecht ginn an huet de Géigner ënner Kontroll gehalen. En Iwwerfloss vu Golchancen ass et zwar net ginn, ma een Distanzschoss vum Jamal Musiala huet fir eng verdéngte Féierung zur Paus gesuergt. Am zweeten Duerchgang war de Match dann nach méi eesäiteg wéi an deenen éischte 45 Minutten, ee weidere Gol ass et awer net méi ginn. Zu kengem Zäitpunkt waren déi dräi Punkten awer wierklech a Gefor, mat deenen d'Bayern um Enn Heem fuere kënnen. Den Danel Sinani war an der 89. Minutt op den Terrain komm.

Dortmund muss weider op déi éischt Victoire op friemem Terrain an dëser Bundesliga-Saison waarden. Zu Mainz huet de BVB mat 1:3 de Kierzere gezunn. An der 27. Minutt war den Emre Can mat oppener Suel an den Zweekampf gaangen an huet seng Ekipp duerch eng Rout Kaart fréi an Ënnerzuel bruecht. Dovun huet Mainz och direkt profitéiert an op 1:0 gestallt. Zwar konnt de Serhou Guirassy kuerz drop per Eelefmeter ausgläichen, ee Gol vum Jonathan Burkhardt an der 45+3. Minutt huet d'Lokalekipp an de rouden Trikoten dann awer rëm mat enger Féierung an d'Paus bruecht. Nom Säitewiessel huet et dann op en Neits net laang gedauert, bis de Paul Nebel op 3:1 erhéije konnt. No 54 Minutte war domat schonn eng kleng Decisioun gefall. Dortmund konnt mat engem Spiller manner keng Äntwert méi weisen a muss sech um Enn geschloe ginn.

An den zwee weidere Matcher vum Mëtteg konnt Bochum a leschter Minutt en 1:1-Remis géint de Champion Leverkusen retten a fir Bremen gouf et och a leschter Minutt eng 2:1-Victoire géint Kiel.

E Samschdeg den Owend si Leipzig a Mönchengladbach mat engem 0:0-Remis auserneegaangen.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell