Diddeleng gewënnt spektakuläre Spëtzematch géint Hesper mat 4:3
Zum Optakt vum 13. Spilldag huet de Racing sech donieft mat 1:0 géint Beetebuerg duerchgesat.
No engem spektakuläre Spëtzematch tëscht dem Drëtten an dem Zweete gewënnt Diddeleng um Enn mat 4:3 géint Hesper. Schonn no 8 Minutten huet den Hadji den F91 a Féierung bruecht, de Sinani konnt op der anerer Säit e puer Minutten drop awer ausgläichen. Et war eng Partie ouni allze vill Héichpunkten, ma béid Ekippen hu sech virum Gol effektiv gewisen. Sou war et no enger hallwer Stonn den Diddelenger Rotundo, deen dem Dupire mat engem placéierten Ofschloss keng Chance gelooss huet. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent huet Hesper duerch en Eelefmeter vum Stolz awer op en Neits ausgeglach.
No der Paus sollt et genausou weidergoen an no engem schéine Spillzuch konnt de Stumpf scho fir déi drëtt Diddelenger Féierung suergen. Et war awer och de Stumpf, deen an enger intensiver Partie seng zweet giel Kaart gesinn huet, soudass den F91 eng 20 Minutten an Ënnerzuel spille misst. De Swift huet an der Schlussphas op den Ausgläich gedréckt, an dee sollt och duerch e Kappball vum Gueddar falen. Ma d'Partie war net eriwwer, an e puer Minutten drop konnt den Decker op der anerer Säit mam Kapp de véierten Diddelenger Gol schéissen. Dobäi sollt et da bleiwen, soudass Diddeleng an Hesper elo punktgläich op Plaz 2 an 3 leien.
De Racing huet doheem géint Beetebuerg den Toun uginn, béid Ekippen hunn awer am éischten Duerchgang gutt matgespillt. Kuerz virun der Paus war et de Monge, dee mat engem staarke Schoss fir den 1:0 vum Racing gesuergt huet. Nom Säitewiessel sinn d'Visiteure kaum méi zu eegenen Occasioune komm, an och de Racing ass un enger kompakter Beetebuerger Defense souwéi un der eegener Chancëverwäertung hänke bliwwen. Um Enn sollt et beim verdéngte Succès fir de Racing bleiwen, deen domat op 2 Punkten u Plaz 2 eruréckelt.
Den Detail vun de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Diddeleng - Hesper 4:3
1:0 Hadji (8'), 1:1 Sinani (13'), 2:1 Rotundo (31'), 2:2 Stolz (45+7', Eelefmeter), 3:2 Stumpf (50'), 3:3 Gueddar (84'), 4:3 Decker (89')
Racing - Beetebuerg 1:0
1:0 Monge (44')