Dat huet dem 37-fache Lëtzebuerger Futtballnationalspiller säin neie Veräin offiziell matgedeelt.

Deemno kritt hien e Kontrakt bis Enn vun der Saison. De Marvin Martins ass fir d'Austria Wien aus Éisträich an deene leschten dräi Saisonen insgesamt 85 Mol an den Asaz komm.

Almere kämpft an der hollännescher Eredivisie den Ament géint den Ofstig a steet an der Tabell op der zweetleschter Plaz.