Harry Kane entscheet den Duell tëscht Bayern a Gladbach

© AFP
Den Englänner huet mat sengem Gol per Eelefmeter dofir gesuergt dass Bayern Gladbach mat 1:0 klappt. 3 Punkte ginn et ënnert anerem och fir Frankfurt.
An der 1. Däitscher Bundesliga war um Samschdeg d'Suite vum 16. Spilldag. Schonn e Freideg den Owend huet sech den Däitsche Meeschter vu Leverkusen konnte mat 3:2 zu Dortmund duerchsetzen.
Am Spëtzematch tëscht Borussia Mönchengladbach a Bayern München huet sech no 90 Minutten de Rekordmeeschter duerch e Gol per Eelefmeter vum Harry Kane an der 68. Minutt mat 1:0 duerchgesat a steet an der Tabell 4 Punkte viru Bayer Leverkusen. Gladbach huet defensiv wuel eng stabil Leeschtung bruecht, an der Offensiv huet et awer un der Kreativitéit gefeelt. Bayern hat alles an allem mei Chancen sou dass déi 3 Punkten net ganz onverdéngt mat op München ginn. Beschte Gladbacher war de Nicolas, dee méi wéi e mol seng Fohlen am Match gehalen huet.
St. Pauli huet mam Danel Sinani trotz enger gudder Leeschtung 0:1 géint Frankfurt verluer. Den entscheedenden Gol huet de fréieren Pauli Spiller Marmoush an der 32. Minutt markéiert, a sengem villäicht leschtem Match fir d'SGE. Laut däitsche Medie soll den Ägypter jo virun engem Wiessel zu Manchester City stoen. Pauli hat an der Suite vum Match gutt Chancen den Ausgläich ze markéieren, Guilavogui, Afolayan a Sinani waren awer net konsequent genuch. Den Danel Sinani gouf an der 78. Minutt fir de Scott Banks ausgewiesselt, ma och mam Schott sollt der Lokalekipp den Ausgläich net mei geléngen.
Freiburg gewënnt mat 3:2 géint den Opsteiger Kiel a start domat optimal an dat neit Joer. An der Paus louch d'Lokalekipp verdéngt mat 2:0 a Féierung. De Grifo huet an der 74. Minutt mam 3:0 du fir déi vermeintlech Virentscheedung gesuergt. Kiel ass kuerz viru Schluss aus dem Näischt zum 1:3 komm. Kuerz dorop huet den Harres mat sengem zweete Gol bannent 5 Minutten de Match nach eng Kéier richteg spannend gemaach a Freiburg ass an de Schlussminutten nawell ferm geschwommen. Um Enn sollt awer näischt mei passéieren, sou dass Freiburg als Gewënner vum Terrain geet.
Mainz gewënnt no 2 Goler vum Burkhrdt (23', 69') mat 2:0 géint de VFL Bochum a bleift domat weiderhin d'Iwwerraschungsekipp vun der Saison. No 16 Spilldeeg huet Mainz stolzer 28 Punkten um Konto a steet virleefeg op der 4. Plaz an der Tabell.
Heidenheim huet no 7 Néierlagen um Stéck nees gewonnen, dat mat 2:0 géint Union Berlin. Domat geet och den 1. Match vum neien Union-Trainer Steffen Baumgart verluer.
Enttäuschend Hoffenheimer hunn iwerdeems doheem mat 0:1 géint de VFL Wolfsburg verluer a bleiwen domat am Tabellekeller hänken. De Gol vum Dag huet den Amoura an der 29. Minutt geschoss.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.