FLT-Formatioun huet de leschte Weekend mat 3:1 géint Litauen gewonnen a spillt elo am Weltgrupp 1.

D'Freed hat e Sonndeg am Gymnase vun der Coque keng Grenze méi, nodeems Lëtzebuerger-Davis-Cup-Ekipp d’Partie géint Litauen decidéiert hat. Wéi Freed sech awer geluecht hat, hu sech vill Leit Fro gestallt: Wéi geet et elo weider?
 
Méiglech Géigner
 
Lëtzebuerg spillt vu September un am Weltgrupp 1. De Géigner fir déi éischte Partie gëtt nach ausgeloust. Am Lousdëppe waarden allerdéngs attraktiv Matcher. Beim Tirage kéint zum Beispill en Duell géint Serbien (mat enger méiglecher Participatioun vum Novak Djokovic) erauskommen oder eng Partie géint Norwegen (mam Casper Ruud, aktuell Nummer 5 vun der Welt). Och Groussbritannien, mat der aktueller Nummer 16 an der Weltranglëscht, Jack Draper, ass als Géigner méiglech.
 
Aus sportlecher Siicht wënscht FLT sech awer Israel, fir dann eventuell eng weider Chance ze kréien, fir am Davis Cup opzesteigen.
 
Heem- oder Auswäertsmatch
 
Den Davis Cup schreift vir, dass den Heemvirdeel ëmmer ofwiesselt. Hat eng Ekipp am leschte Match Heemvirdeel, gëtt déi nächst Partie auswäerts gespillt.
 
Am Fall, wou Lëtzebuerg Israel (0:5 Defaite am Joer 2007) oder Groussbritannien (2011 mat 1:4 verluer) géif zougeloust kréien, géifen d'Rout Léiwen nees virun eegenem Publikum spillen. 
 
Mat Norwegen als Lous géif d’Partie auswäerts gespillt ginn. 2016 gouf zu Capellen gespillt, déi Norwegen knapp mat 2:3 fir sech entscheede konnt.
 
Falls Serbien aus dem Lousdëppe géif gezu ginn, misst geloust ginn, wéi eng Natioun d'Recht huet, fir doheem ze spillen, well et dës Affiche nach net gouf.
 
Weidere Verlaf
 
De Fall gesat, dass d’Renconter am September gewonne gëtt, dierf sech Lëtzebuerg iwwert eng weider Promotioun am Davis Cup freeën. Da géifen d'Rout Léiwen nämlech an enger Qualifikatiounsronn spillen, fir sech iwwert dëse Wee fir den Haapttableau ze qualifizéieren. D’Länner, déi am Haapttableau stinn, spillen dann ëm déi bekannten Davis-Cup-Coupe.
 
Am Fall vun enger Defaite, misst ee weidere Play-Off gespillt ginn, fir am Weltgrupp 1 ze bleiwen.