Den Duo Knaff/Rodesch huet e Sonndeg den Dubbel géint d'Koppel Butvilas/Gaubas gewonnen. An de Chris Rodesch war dem Gaubas iwwerleeën.

Lëtzebuerg packt am Davis Cup den Opstig an de Weltgrupp 1. D'Ekipp vum Kapitän Gilles Muller huet sech am Gymnase vun der Coque mat 3:1 géint Litauen behaapt.

Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp feiert den Opstig an de Weltgrupp 1
De Weekend huet ee sech an der Coque mat 3:1 géint Litauen behaapt. Kuckt hei nach emol de leschte Ballwiessel.

Nom 1. Dag e Samschdeg stoung et am Tennis-Davis-Cup-Playoff tëscht Lëtzebuerg a Litauen 1:1 gläich. De Chris Rodesch hat säin Eenzel verluer an den Alex Knaff säi gewonnen. E Sonndeg hunn d'Lëtzebuerger duerch Victoiren am Dubbel an am Eenzel den Opstig perfekt gemaach.

Resumé: Lëtzebuerg packt den Opstig an de Weltgrupp 1
Den Duo Knaff/Rodesch huet e Sonndeg den Dubbel géint d'Koppel Butvilas/Gaubas gewonnen. An de Chris Rodesch war dem Gaubas iwwerleeën.

Den Alex Knaff an de Chris Rodesch am Interview

D'Partien am Resumé a Replay

Rodesch a Knaff wannen Dubbel an zwee Sätz

Déi 1020 Spectateuren am ausverkaafte Gymnase vun der Coque hunn an dësem Match keng néi Gesiichter gesinn. Béid Länner hunn hir stäerkste Spiller op den Terrain geschéckt. Bei Litauen war dësen Duo à la base net virgesinn. Deemno huet d'Partie Rodesch/Knaff géint Butvilas/Gaubas geheescht. No enger staarker Leeschtung konnte sech d'Lëtzebuerger an zwee Sätz d'Victoire sécheren.
 
E grousse Virdeel an dësem Dubbel war de Service vun de Lëtzebuerger. Am 1. Saz hat dowéinst Litauen keng Chance op e Break. Am Géigesaz zu de Roude Léiwen. 2 Mol konnte si de Spiller Butvilas/Gaubas de Service ofhuelen an deen éischte Saz no 32 Minutte mat 6:2 gewannen.
 
Beim Stand vun 2:3 aus Lëtzebuerger Siicht hat Litauen déi éischt Chance op e Break. A wéi schwiereg et war, dem Chris Rodesch oder Alex Knaff de Service ofzehuelen, weist, dass Butvilas/Gaubas véier Chancë gebraucht hunn. Litauen war awer elo besser am Match an huet, anescht wéi am éischte Saz, Léisunge fonnt. De Rebreak sollt de Lëtzebuerger awer direkt geléngen. D'Decisioun ass am Tiebreak gefall. D'Lëtzebuerger hunn an dësem Moment d'Nerve kontrolléiert fir dëse mat 7:3 ze gewannen. No dësem 6:2- a 7:6-Succès no enger Stonn an 27 Minutte steet et elo 2:1 fir Lëtzebuerg.

Chris Rodesch mécht den Opstig kloer

Am éischten a vläicht decisiven Simple vum Dag stoungen Top-Spiller vun deenen zwou Natiounen um Terrain. De Chris Rodesch (Plaz 282 an der Weltranglëscht) an de Vilius Gaubas (Plaz 192 an der Weltranglëscht).
 
Den éischten Saz war, wéi et ze erwaarde war, haart ëmkämpft a serréiert. Beim Stand vu 4:4 konnt de Rodesch dem Gaubas de Service eng zweete Kéier an dësem Saz ofhuelen, fir dësen no 43 Minutte mat 6:4 fir sech ze entscheeden.
 
An de Gymnase vun der Coque huet gekacht, wéi de Rodesch, deen e Sonndeg e besseren Dag wéi e Samschdeg erwëscht hat, direkt am éischte Jeu vum 2 Saz dem Gaubas de Service mat 0:40 ofgeholl hat. De Spiller aus Litauen koum awer quasi ni an de Genoss, dem Rodesch de Service ofzehuelen. Beim Stand vun 3:4 aus senger Sicht krut de Gaubas eng Chance, déi d’Lëtzebuerger Nummer 1 ofwiere konnt. 
 
Um Enn bréngt de Chris Rodesch säi Service duerch fir d’Partie mat 6:4 a 6.:4 no enger Stonn an 30 Minutten ze gewannen. 
 
Duerch dëse Succès steigt d'FLT-Formatioun an de Weltgrupp 1 op.

Weider Andréck vum Davis-Cup-Playoff tëscht Lëtzebuerg a Litauen