Drëtten Titel noenee fir d'Chiefs oder zweeten iwwerhaapt fir d'Eagles?

© AFP
An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg gëtt an den USA de Super Bowl gespillt, d'Finall vun der NFL-Saison.
Am Caesars Superdome zu New Orleans kritt et den Titelverdeedeger Kansas City Chiefs mat de Philadelphia Eagles ze dinn. Et ass déi aachte Kéier, dass de Super Bowl zu New Orleans ass an déi éischte Kéier zanter 2013.
D'Kansas City Chiefs, ronderëm de Star-Quarterback Patrick Mahomes, sti fir déi fënnefte Kéier bannent sechs Joer am Super Bowl. Déi lescht zwee Joer hunn d'Jonge vum Trainer Andy Reid d'Vince Lombardi Trophy dierfen an d'Luucht strecken. D'Philadelphia Eagles hunn hirersäits 2017 hire bis dato eenzege Super Bowl gewonnen.
Dëst Duell gouf et schonn am Super Bowl LVII, also virun zwee Joer. Deemools konnte sech d'Kansas City Chiefs an engem spannende Match um Enn mat 38:35 duerchsetzen. Och fir dëst Joer erwaart ee sech e Match op Aenhéicht. An der Regular Season hunn d'Eagles nëmmen dräi Matcher verluer an d'Chiefs esouguer just zwee.
Mat net nëmme sportlech ass de Super Bowl ëmmer nees en Highlight. Och déi ganz Show ronderëm d'Sportevent zitt vill Leit virun d'Bildschiermer an an de Stadion. Engersäits wéinst der berüümter Halbzeitshow. Beim 59. Super Bowl ass et den US-amerikanesche Rapper Kendrick Lamar, deen optrëtt. Allerdéngs kënnt et bei der Halbzeitshow och ëmmer nees zu iwwerraschenden Optrëtter vun anere Stars.

De Kendrick Lamar huet bei de Grammy Awards uerdentlech ofgeraumt. / © AFP
Och d'Reklammen op der US-Tëlee, déi extra fir de Super Bowl gedréint an an de sëllege Pause wärend dem Match gewise ginn, ginn ëmmer vill a gäre gekuckt. Deementspriechend deier si se och. Eng Reklamm vun 30 Sekonne bei Spillënnerbriechunge kascht bis zu 8 Milliounen Dollar. D'lescht Joer hu sech eleng an den USA 123,4 Millioune Leit de Super Bowl ugekuckt.
D'Tickete fir de Super Bowl sinn dann och bei wäitem net geschenkt. An der Moyenne kascht en Ticket 7.786 Euro. Den deiersten Ticket gouf et fir 72.767 Euro an de bëllegste fir 4.552 Euro. Am Caesars Superdome ass iwwregens Plaz fir méi wéi 70.000 Spectateuren. Grouss Logë fir d'Stare kaschten iwwerdeems ëm 3 Milliounen Euro.
Um Terrain hunn d'Kansas City Chiefs iwwerdeems d'Chance, Historesches ze erreechen. Si kéinten et als éischt Ekipp fäerdegbréngen, de Super Bowl dräimol noeneen ze gewannen.
Kucken, kënnt Dir de Match bei de Kolleege vun RTL Däitschland. Hir Sendung geet de Sonndeg um 23.15 Auer un, Kickoff ass um 0.30 Auer an der Nuecht op e Méindeg.