Bierchem setzt sech verdéngt géint Esch duerch
Och Käerjeng, Déifferdeng an Diddeleng stinn am Final4. Bei den Dammen huet sech Diddeleng am Spëtzematch géint Déifferdeng duerchgesat.
Hären
Am Duell tëscht dem amtéierende Meeschter an dem amtéierende Coupe-Gewënner huet sech Bierchem mat 30:24 géint Esch duerchgesat. Domat steet fest, dass et en neie Coupe-Gewënner gi wäert. De Match war qualitativ manner héichwäerteg, wéi ee sech dat am Virfeld erwaart hat.
Am Ufank vun der éischter Hallschent war et kee schéine Match. Béid Ekippen hu vill technesch Feeler produzéiert, firwat och kee Spillfloss opkoum. Tëscht der 10. an 20. Minutt hat et besser ausgesinn an Esch konnt och vun der Rouder Kaart fir de Bierchemer Brittner profitéieren. Uschléissend huet sech de Spectateuren en änlecht Bild wéi am Ufank gebueden, firwat och manner Goler wéi gewinnt gefall sinn.
An der zweeter Hallschent huet de Bierchemer Lé Biel dem Match säi Stempel opgedréckt an huet 7 Goler an 30 Minutte bäigesteiert. Nom 12:11 aus Escher Siicht an der Paus konnt Bierchem séier d’Féierung zeréckerueweren an an der 42. Minutt souguer eng éischt Kéier op 3 Goler fortzéien. Och wann den Escher Golkipp Journet seng Ekipp mat enger Rëtsch Paraden am Match gehalen huet, hunn d’Réiserbänner näischt méi ubrenne gelooss a qualifizéiere sech verdéngt fir d’Halleffinall.
Käerjeng spillt no 3 Joer Abstinenz mol nees an der Coque. De Coupe-Gewënner vun 2015 an 2016 huet mat 30:22 géint d’Espérance Rëmeleng gewonnen. Rëmeleng huet dobäi virun allem an der éischter Hallschent gutt matgehalen an e bësse Selbstvertraue fir de Playdown getankt.
D’Red Boys Déifferdeng, de Coupe-Gewënner vun 2023 an 2022, steet déi fënneft Kéier hannerteneen am Final4. Beim HC Standard huet ee sech just déi éischt 30 Minutten zur Wier setze mussen, uschléissend konnt ee sech e komfortabele Virsprong erausspillen an de Match mat 30:23 fir sech entscheeden.
Den HB Diddeleng steet nees mat sengen zwou Seniorsekippen am Final4 vun der Coupe. No den Dammen e Freideg hunn d’Häre e Samschdeg nogezunn an hate keng Problemer mam Chev Dikrech a gewanne kloer 34:14.
Dammen
Am Remake vun der Finall zejoert huet den HB Diddeleng op en Neits d’Iwwerhand behalen a gewënnt um Freidegowend 33:25 géint d’Red Boys Déifferdeng. Déi Rout hunn eng besser Leeschtung gewise wéi an der Partie viru 4 Wochen, mee just eng gutt Hallschent war net genuch.
No 8 Minutte konnt sech den HBD liicht ofsetzen, mee d’Red Boys hu sech net ofhänke gelooss. Den Trainer Michel Scheuren hat seng Damme gutt op de Géigner virbereet, bei deem ee viru 4 Wochen nach mat 21:36 ënner d’Rieder komm war. Och no der Rouder Kaart an der 19. Minutt ass Déifferdeng net auserneegefall a konnt de Gäscht souguer d’Féierung ofhuelen. Sou goung et mat 16:15 aus Déifferdenger Siicht an d’Paus.
Den Diddelenger Trainer Mikel Molitor war mat der Leeschtung vu senger Ekipp an de leschte Minutte virun der Paus net zefridden an huet an der Kabinn wuel déi richteg Wierder fonnt. D’HBD-Dammen hunn nom Säitewiessel zu hirem gewinnte Spill fonnt a konnten de Spiiss mat engem 9:0-Laf nees ëmdréinen. Déifferdeng huet bis zur 42. Minutt gebraucht, fir e Gol ze schéissen – entweeder ass een um Golkipp hänke bliwwen, de Potto war am Wee oder de Ball goung laanscht de Gol.
Och wann d’Red Boys mat engem 4:0-Laf kuerzzäiteg nach eng Kéier erukoumen, ass dat net duergaangen, fir Diddeleng geféierlech ze ginn. Um Enn gewënnt den amtéierenden Doublé-Gewënner souverän a steet am Final4 vun der Coupe. Zanterdeem den Trainer-Duo Molitor/Didion am Januar 2024 d’Rudder iwwerholl huet, gouf et fir d’HBD-Damme keng Néierlag méi an et blouf een an 31 Matcher op nationalem Plang ongeschloen.
Nieft Diddeleng wäert och den HB Käerjeng mat zwou Ekippen am Final4 vertruede sinn, deen an der Woch vum 21. Abrëll an der Coque gespillt gëtt. Och wann Esch e Samschdeg iwwer 50 Minutte gutt dogéint gehalen huet, ass Käerjeng mat 28:22 als Gewënner vum Terrain gaangen.
De Museldall huet sech bis zum Schluss mussen druginn, fir 32:29 géint de Standard ze gewannen.
Dikrech hat dogéint beim 36:13 zu Réiden keng Problemer.