E Samschdeg den Owend war am Volleyball-Championnat den zweetleschte Spilldag vun der Qualifikatioun.

Hären

Fenteng hat beim 3:0 (25:15, 25:7, 25:19) keng Probleemer géint Iechternach. Dikrech war de Weekend spillfräi. Géint de Belair gouf et en 3:0-Forfait. Doduerch si Fenteng an Dikrech an der Tabell weider gläich op. Béid Ekippen hunn 19 Punkten um Kont. Um leschte Spilldag wäert sech dann decidéieren, wien et nach an d'Halleffinalle vum Championnat packt. Fenteng ass géint Esch gefuerdert an Dikrech kritt et mat Iechternach ze dinn.

Donieft huet e Samschdeg den Owend Bartreng Esch mat 3:0 (25:13, 25:11, 25:21) geklappt.

Am Spëtzematch war de Leader Stroossen Luerenzweiler 3:1 iwwerleeën.

An der Tabell steet Stroossen un der Spëtzt mat 36 Punkten, Bartreng huet der 35, Luerenzweiler 28 an da komme Fenteng an Dikrech mat all Kéier 19 Punkten.

Dammen

Am Spëtzematch huet sech Walfer misse an engem enke Match mat 1:3 (25:21, 21:25, 11:25, 25:27) géint Mamer geschloe ginn. Péiteng hat keng Problemer beim 3:0 zu Iechternach. Bartreng huet sech an engem serréierte Match géint Esch mat 3:2 behaapt. An d'Gym ass op Stengefort 3:0 wanne gaangen.

Bei den Damme sti schonn all d'Halleffinaliste fest. Et sinn dat Mamer (32 Punkten), Péiteng (32), Walfer (30) an d'Gym (22).