Beim Indoor-Meeting zu Metz ass de Lëtzebuerger iwwer 1500 Meter op déi 5. Plaz gelaf.

Iwwer 1500 Meter ass de Charel Grethen beim Meeting zu Metz mat enger Zäit vun 3:37.67 Minutten op déi 5. Plaz gelaf. Dëst ass seng perséinlech Beschtleeschtung an dëser Saison. Den zweete Lëtzebuerger um Depart, de Vivien Henz, leeft mat engem Chrono vun 3:40.28 op déi 10. Plaz.

Gewonne gouf d'Course vum Marokanner Anass Essayi (3:33.55) virum Belsch Ruben Verheyden.

Da gouf et zu Metz och een neie Lëtzebuerger Rekord an dat duerch d'Kimberly Chinfatt. Si ass iwwer 3.000 Meter e Chrono vun 9 Minutten, 10 Sekonnen a 97 Honnertstel gelaf a war domadder 10 Sekonne méi séier wéi d'Vera Bertemes-Hoffmann am Joer 2022.