
Zwou Lëtzebuergerinnen hu sech fir d’Indoor-EM an der Liichtathletik qualifizéiert. D’Patrizia van der Weken geet iwwer 60 Meter un den Depart an d’Vera Bertemes-Hoffmann iwwer 1500 Meter.
Mat hirem nationale Rekord aus dëser Saison vu 7,07 Sekonnen ass d’Patrizia van der Weken den Ament déi drëttséierst Damm an Europa.
Der Vera Bertemes-Hoffmann hiren nationale Rekord iwwer 1500 Meter aus dem Joer 2023 läit bei 4 Minutten, 8 Sekonnen an 73 Honnertstel. De leschte Weekend hat si beim Lëtzebuerger Indoor-Championnat den nationale Rekord iwwer 3.000 Meter verbessert (9:07.54).
Patrizia van der Weken (60m)
Sonndeg, 9. Mäerz: Ronn 1 um 12.00 Auer
Sonndeg, 9. Mäerz: Halleffinallen um 16.05 Auer
Sonndeg, 9. Mäerz: Finall um 18.37 Auer
Vera Bertemes-Hoffmann (1500m)
Donneschdeg, 6. Mäerz: Ronn 1 um 19.10 Auer
Freideg, 7. Mäerz: Finall um 21.00 Auer