Patrizia van der Weken - Prett fir den nächsten Highlight?

© AFP
D'Lëtzebuergerin Patrizia van der Weken gehéiert entretemps zur europäescher Sprint-Elitt. Dat bleift och net de soziale Medie verbuergen.
Et leeft de Moment fir d'Patrizia van der Weken. D'Sportlerin vum Joer huet all fënnef Coursse vun der Indoorsaison, un deene si deelgeholl huet, gewonnen. D'Studenteweltmeeschterin geet also voller Confiance hir nächst Defien un.
Dëse Weekend gehéiert si iwwer d'60 Meter zum Krees vun de Favoritten op der Europameeschterschaft, déi zu Apeldoorn an Holland ofgehale gëtt. D'Finall ass e Sonndeg den Owend. D'Patrizia van der Weken sot am RTL-Interview, dass an dëser Indoor-Saison alles méiglech ass:
"D'Fazit vu menger Indoorsaison fält bis elo ganz positiv aus. Ech konnt eng Rei vun immens gutt besate Coursse fir mech entscheeden. Dat ass schonns immens vill wäert. D'Starterfeld fir déi puer éischt Plazen ass immens enk. Et si 4 bis 5 Meedercher, déi a Fro komme fir déi éischt Plazen. Et ass u mir, fir alles ze ginn, fir esou wäit vir wéi méiglech ze sinn."
D'Halleffinall op der EM e Sonndeg um 16h05 an d'Finall um 18h37 iwwerdroe mir live um RTL ZWEE.
Zwou Woche méi spéit ass et zu Nanjing a China d'Indoor-Weltmeeschterschaft, op där d'Patrizia van der Weken de Roude Léiw vertriede wäert. Dass mat der Lëtzebuergerin gerechent gëtt, beweist dëse Clip um Instagramaccount vun der Welt-Liichtathletikfederatioun:
Eng europäesch Medail an der Kinneksdisziplin vun der Liichtathletik... an dann nach eng op der WM? Bei der aktueller Form vum Patrizia van der Weken ass mëttlerweil näischt méi auszeschléissen!